Vill Persoune ware schonn emol Affer vu Mobbing. Respect.lu huet mat eis iwwert d’Themen Diskriminatioun a Radikaliséierung geschwat.

Diskriminatioun geschitt iwwerall op der Welt, a vill Persoune waren op mannst emol am Liewe selwer esou enger Situatioun ausgesat. D’Affer vu laangjäregem Mobbing kënne psychesch Suitten dovundroen, déi vun Depressioune bis zu schwéiere Suicidegedanken iwwer goe kënnen. A ganz extreme Fäll kann sech d’Affer géint déi Grupp radikaliséieren, vun där si sech selwer diskriminéiert fillt.
Hei intervenéiert Respect.lu - centre contre la radicalisation. D’Asbl beschäftegt sech mat der Opklärung an der Preventioun vu Radikaliséierung – En Thema, iwwert dat de Gros vun der Gesellschaft eng kloer Meenung huet. Mä wéi kann een sech d’Aarbecht an dësem Kontext iwwerhaapt virstellen?

D’Ekipp besteet aus Psychologen a Psychotherapeuten, mä och Politologen an enger Assistante sociale. Leit aus dem Ëmfeld vun enger Persoun, déi am Prozess vun enger Radikaliséierung drann ass, ginn hei begleet. Et verbreet sech dacks d’Informatioun, dass Concernéierter automatesch och gewaltbereet wieren. Meeschtens dauert dat  méi laang, a Persounen aus dem Ëmfeld sollen dofir all Unzeeche vun enger Wiesensännerung eescht huelen, an am Zweiwel Hëllef ufroen. Och déi betraffe Persoune selwer kréie bei respect.lu Ënnerstëtzung op hirem Wee zréck an déi Gesellschaft, an där si den Uschloss verluer hunn. D’Ursaache fir Diskriminatioun sinn nämlech a ville Fäll eegen Erfarungen als Affer. Respect.lu iwwert Interventioun:

Et wier allerdéngs wuel ze gewot ze behaapten, dass e gudde sozialen Ëmgang all déi entspriechend gesellschaftlech Problemer léise géif. Ma genee dësen dierf dofir trotzdeem net vergiess ginn. Affer vun Diskriminatioun a Mobbing sollen sou séier wéi méiglech Hëllef sichen. Dat wier am Schoulkontext de CePAS, an am Aarbechtskontext déi entspriechend Gewerkschaft, Mobbing Asbl, oder de Kontakt mam Virgesetzten. Fir Personal am Schoul an Aarbechtsmilieu ass et wichteg, mam ganze Grupp ze schaffen, awer virun allem d’Affer net zu enger Aussprooch ze zwéngen.

De Message ass ganz kloer net eleng bleiwen, a fir déi vu baussen heescht et net ewech kucken. Wien näischt seet, seet indirekt och Jo zu Mobbing an Diskriminatioun.

Vicky