Wann ee mengt de Wendler hätt aus de leschte Woche geléiert, nodeems hien sech vun Telegram ofgemellt an entschëllegt huet, deen iert.

Et ginn nees News vum Michael Wendler. An do kann een am Resumé soen: deen huet et nach ëmmer net verstanen. Zënter e Freideg ass de Schlagerstar nees zeréck op Telegram, engem ëmstriddenen Messenger-Déngscht.

Hie verbreet op Telegram nees nei Corona-Verschwörungstheorien. Ënner anerem seet hien, dass elo eng Impfflicht ageféiert gëtt. De Gesondheetsminister Jens Spahn huet allerdéngs nees betount, dass et keng Impfflicht wäert ginn. Dat gleeft de Wendler awer net.

Hien huet op Telegram och vu Walbedruch bei den US-Presidentielle geschwat. Dat behaapt jo och den Trump, Beweiser dofir goufen awer nach keng virgeluecht.

Dem Wendler sengem Manager Markus Krampe geet et elo awer duer. Hien huet sech elo offiziell vum Michael Wendler getrennt. Dat huet hien a senger Insta-Story matgedeelt. Hie wëll net méi säi Manager sinn. Deemno wier hien nach weider pikant Detailer gewuer ginn, an dat kéint hien net méi vertrieden, domat wier elo Schluss. Hie war net nëmmen de Manager, mee och ee laangjärege Frënd vum Wendler.

Op Insta huet de Wendler op säi Statement reagéiert. Hie schreift, dass säin Ex-Manager warscheinlech wéinst medialem Drock de Management néierleet. Weider bedauert de Wendler, dass de Krampe "ageknéckt wier". Hie weist sech och net frou driwwer, dass de Manager, him selwer dëse Schrëtt, net perséinlech matgedeelt huet.

De Wendler huet iwwregens annoncéiert, en Dënschdeg een Insta-Live ze maachen, dat obwuel bei senger Ëmfro d'lescht Woch iwwer 80 Prozent dat net wollten.