Verspanunge beim Schaffen sinn ee Problem mat dem vill Leit ze kämpfen hunn. Ma e bësse Stretching fir d'Fangere soll awer hëllefe kënnen.

Wësst der, dass der bei der Büro-Aarbecht tëscht 5'000 a 7'000 mol op är Maus klickt? Doduerch, dass een awer net onbedéngt déi bescht Haltung beim Schaffen um Schreifdësch huet, kritt ee gäre mol Verspaanungen am Genéck, den Äerm an den Hänn. An e puer einfach Übunge fir den Aarm deen d'Maus beweegt, sollen do hëllefen.

Lauschtert hei eran!

1. De "Gefällt-mer Daum"

Den Aarm deen fir d'Maus beweegen a klicken zoustänneg ass, streckt der aus. D'Hand maacht der zu enger Fauscht a streckt den Daum no uewen. D'Schëllere musst der no hannen strecken an éischter no ënnen halen. Den Daum dréint der dann als éischt 10 mol am, an duerno 10 mol entgéint dem Verlaf vun der Auer.

2. D'Autobunn

Leet äre "Mausaarm" esou virun iech, dass der op ären Ënneraarm kuckt. Den Daum vun ärer anerer Hand leet der op der Mëtt vun ärem Ënneraarm, just ee Stéck ënnert dem Handgelenk. Üübt mam Daum e bëssen Drock aus a fuert bis bei den Ielebou. Beim Drock deen der ausüübt dierf dëse sech e bëssen onangeneem u spieren awer op kee Fall wéi doen!

3. D'Paart

Haalt är Hänn op der Héicht vum Mo. D'Fangerspëtzen weise bei béiden Hänn no ënnen. Presst är Hänn elo openeen, an haalt Spannung vun dëser Pose fir ronn 5 Sekonnen. Duerno loosst der kuerz laass a presst är Hänn nees openeen. Am Ganze maacht der dës Übung 5 mol.

4. De "Fallschierm"

Zum Schluss vun ärer Deenungs-Session maacht der nach eemol eng Fauscht. Hei just oppassen, dass den Daum net bannen an der Fauscht ass! Wann är Fangeren an enger Fauscht sinn zitt der des nach méi fest zesumme fir ronn 5 Sekonnen. Da maacht der d'Fauscht op a streckt är Fangere ganz wäit auserneen. Esou wäit et geet! Dës Pose haalt der och an fir 5 Sekonnen. Am Ganze widderhuelt der dës Übung tëscht 5 an 10 mol.