An der Nuecht op e Méindeg ass eng nei Falcon 9-Rakéit mat enger Crew Dragon Raumfär a Richtung ISS gestart.

De Start war eigentlech an der Nuecht vun e Samschden op Sonnde geplangt, leider huet dëse misse geréckelt gi wéinst schlechtem Wieder.

Eréischt am Mee hat d’Nasa 2 Astronauten eng éischte kéier mat der SpaceX Raumfär Crew Dragon op d’ISS geschéckt an dëst als leschten Test fir d'Zertifikatioun ze kréien fir dierfe weider Astronauten op d'Space Station ze bréngen.

Dës Kéier sinn 4 Astronauten u Bord, nieft dem Captain Michael Hopkins, sinn 2 weider Amerikaner u Bord: de Victor Glover, an d'Shannon Walker. Mee och e Japaneschen Astronaut ass dobäi, den Soichi Noguchi.

De Michael Hopkins ass schonn ee richtege Weltraum Veteran. Hien war am ganze schonn 166 Deeg am All. De Victor Glover ass ee fréieren US-Navy Pilot, awer bis elo nach ni am All gewiescht. D'Shannon Walker ass déi éischt Fra déi mat der neier Raumfär vu SpaceX flitt. De Japaner Soichi Noguchi, ass awer vun deene 4, dee mat der längster Erfarung: hie war am Ganze schonn 177 Deeg am Weltraum. Fir en Europäeschen Astronaut war awer bis elo nach keng Platz u Bord.

© RED HUBER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

27 Stonnen dauert de gesamte Flug op d'ISS, déi a 400 Kilometer Héicht d’Äerd ëmkreest.

Ganzer 6 Méint bleiwen di 4 Astronauten op der ISS. An dëser Zäit solle si eng Rei wëssenschafltech Experimenter duerchféieren. De Réckflug ass eréischt fir Juni 2021 geplangt.

Wisou ass dëst Missioun elo esou besonnesch ?

Nodeems d'Spaceshuttle Ära am Joer 2011 eriwwer war, wëllen d'Amerikaner nees onofhängeg ginn. Dat soll doduerch sécher gestallt ginn an deem si net méi op déi Russesch Soyus Kapsele mussen zréck gräife wa si op d'ISS fléie wëllen.

Zudeem weist dëst d'Dominanz vu Private Firmen, déi souwuel d'Falcon 9 Rakéit gebaut hunn, esou wéi och Crew-Dragon Raumfär. Dës gouf vum Technologie-Visionär Elon Musk a senger Firma SpaceX entwéckelt. Ma awer war dëse Projet och just duerch NASA-Subsiden an der Héicht vun e puer Milliarden Dollar méiglech.