Oder och nach Panzer-Tape genannt. En Hëllefsmëttel, dat engem am Alldag villes méi einfach mécht. Et muss ee just wësse wéi ee sech unzeleeën huet.

Lauschtert eran

D'Kim Kardashian huet de Panzertape zum Beispill benotzt fir d'Brëscht an déi richteg Positioun ze kréien. Ma prinzipiell maachen awer Handwierker vum Tape gebrauch, sief et fir ze isoléieren oder ze reparéieren.

Domat geet et awer nach net duer, well et ginn nach vill genial Tricker déi een domat ka maachen, fir Problemer am Alldag ze léisen.

Anti-Scratch

Et ass zum Beispill genial fir ënnert d’Stempele vun de Still oder ënnert schwéier Miwwelen ze pechen, dass beim réckele keng Schréipsen an de Buedem kommen. Einfach 2 Schichten an der richteger Gréisst ofschneiden an ënnert de Stempel vum Stull Dësch pechen.

Ze enk Blus

Och wann ee mol eng Blus huet déi ze enk ass, kann den Tape hëllefen. Ass dat nämlech de Fall, stinn d’Knäpp ënner Spannung. Iwwert an ënnert dem Knapp entstinn da gär esou kleng Lacunnen, duerch déi ee mol gär de Bauch, respektiv d’haut gesäit. Op deene Plaze gëllt et einfach d’Blus vu bannen op deene Plaze mam Panzertape zou ze pechen.

Risege Fisemrullo

Net ze vergiessen ass de Gebrauch vum Panzertape als e risege Fisemrullo. Jiddereen deen en Hond oder eng Kaz doheem huet, kennt de Problem vun den Hoer, déi iwwerall duerch d’Wunneng verdeelt sinn. Einfach e Stéck Panzertape ofschneiden an domat op déi betraffe Plazen Tippen oder einfach en ale Rullo fir unzesträichen einfach mam Tape awéckelen, dat natierlech mat der pecheger Säit no baussen. Domat musst der just iwwert d’Kusch rullen an d’Hoer si fort.

Ze laang Kleeder

Ma och wann der e Kleedungsstéck huet wat ze laang ass, hëlleft iech den Tape. Einfach deen iwwerflëssege Stoff no bannen diebelen a mam Panzertape fest pechen.