Wéi een Zëmmer am Haus ass am beschte gëeegent fir Insta-Posts? Enger Ëmfro no ass d'Äntwert ganz kloer...

D'Kichen ass bekanntlech d'Häerz vum Haus. Vill Mënsche verbréngen do ganz vill Zäit. Do gëtt giess, gekacht, mee och geschwat a gedronk. Kee Wonner also, dass d'Kichen enger Hashtag-Analys vun HomeEdit no dat beléifstent Zëmmer op Insta ass, wou ee seng Fotoe mécht.

Méi wéi 42 Milliounen Insta-Posts sinn deemno mat #kitchen getaggt. Duerno kënnt mat groussem Ofstand d'Schlofzëmmer mat 24 Millioune getaggte Fotoen. Plaz 3 geet un d'Buedzëmmer mat ëmmerhin 21 Milliounen. Nieft Posts aus der Bidden fënnt een ënnert dem Hashtag haaptsächlech Inspiratiounen fir luxus Biden a Spa'en.

Net esou beléift si Wantergärt. A wéineg iwwerraschend ass och de Keller net esou den Highlight fir seng Insta-Fotoen ze maachen. #basement kënnt nëmmen op 1 Millioune getaggte Fotoen an d'Wantergäert just op ronn 880.000 Bäitreeg zesumme mat der Wäschkichen.