Dir hutt keng Plaz fir ee Beemchen doheem? Oder der wëllt emol eppes anescht doheem stoen hunn wéi een Dännebam? Dann hu mer hei e puer Alternativen!

1. Tape-Chrëschtbeemchen

Dir braucht net ganz vill ausser enger Mauer, faarwegem Tape an engem Meter oder grousse Lineal. An och nach e bësse Kreativitéit ass net verkéiert. Et ginn nämlech ganz verschidde Méiglechkeeten een Chrëschtbeemche mat Tape duerzestellen. Ma am einfachsten ass et, wann een mat enger laanger Sträif ënnen ufänkt, e puer Zentimer Sputt léisst, an dann eng weider Sträif Tape pescht, déi op de baussenste Säiten méi kuerz ass wéi déi aner. Esou maacht der da weider, bis uewen nëmmen nach eng ganz kleng Sträif bleift. De Meter oder Lineal hëllefen, dass d'Tape Sträifen och ëmmer schéi riicht sinn!

Lauschtert hei eran!

2. Ee Beemchen aus Holz

Fir déi Leit, déi gären een nohaltege Beemchen hunn, deen een all Joer nees kann auspaken a frësch dekoréieren. Dir braucht dofir e bëssen handwierklecht Geschéck, Holzbrieder oder eng Holzplack aus der der d'Form vum Bam eraus schneit. Och hei ass nees Kreativitéit gefrot. De Virdeel vun dëse Beemecher ass natierlech, dass een se ëmmer nees kann notzen. Mee se gesinn och richteg flott aus, a kënne mat der richteger Deko net nëmme fir Chrëschtdag een Eyecatcher sinn.

3. Sukkulent-Chrëschtbeemchen

Et soll deen Trend fir de Wanter 2020 sinn. Ee Chrëschtbeemchen deen zwar gréng ass, ma awer net vill muss gefleegt ginn. Sukkulente sinn an deene leschte Joren ëmmer méi beléift ginn. Se sinn einfach ze fleegen, well een se am Beschte mat Rou léisst. Se gesinn awer och flott aus, a ginn och net all ze grouss, jee nodeem wéi eng Zort een huet. Och vu Virdeel: et kann een se dat ganzt Joer iwwer do stoen hunn.