Virun allem zum Schluss vum Joer, wann et dobaussen naass, däischter e sabbeleg ass, gëllt et d'Immunsystem ze stäerken. D'Fro ass elo just wéi?

Lauschtert eran

Dobaussen ass et kal, naass an däischter. Eng Joreszäit an der d’Sonnestralen definitiv net esou gutt duerch komme wéi mer eis dat wënsche géingen. Ma virun allem an der Zäit muss ee probéiere säin Immunsystem esou gutt et geet ze stäerken.

Dofir musst der virun allem op d’Ernierung oppassen. Vill Vitaminnen an Närstoffer zielen dozou, wéi zum Beispill Vitaminn A, B6, B12, C, D, E an aner Närstoffer wéi Zénk, Selen, Eisen a Koffer. Ëmmer méi Wëssenschaftler ginn dovunner aus, dass et en Zesummenhang tëscht der Daarmgesondheet an dem ganzen Immunsystem gëtt. Dofir si Ballaststoffer bei engem schwaachen Immunsystem wichteg. Enthale sinn der zum Beispill am  Geméis, virun allem awer a Wuerzelen a Gromperen, dann och am Uebst, Vollkarproduiten, Nëss a Leguminose, wéi Bounen a Lënsen.

Selbstverständlech spillt och de Vitaminn D eng grouss Roll. Entweder huele mer en iwwert fetthaltege Fësch zou eis, oder de Kierper stellt es selwer hier esoubal en an der Sonn ass. Dofir ass hei den Tipp, onbedéngt an d’Sonn ze goen an dat och wann et dobausse kal ass.

Donieft ass d’Beweegung fir eist Immunsystem ganz wichteg. Lafen, schwammen oder Vëlo fueren, et ass iech iwwerlooss, Haaptsaach dir beweegt iech. Hei ass elo wichteg, dass ee sech net iwwerugestrengt well dat bewierkt genau de Géigendeel. Strengt ee sech elo deemno iwwerméisseg un, klëmmt d’Zuel staark vun den Ofwierzellen am Blutt. Entspaant ee sech allerdéngs nom Sport, fält d’Unzuel nees an zwar esouguer ënnert den Ausgangswäert. Zu deem Zäitpunkt ass een also méi ufälleg fir de Krankheetserreeger.

Zu gudder lescht dann nach dat Üblecht an zwar Stress vermeiden, genuch drénken a schlofen, mam fëmmen ophalen a méi dacks am Dag d’Hänn wäschen.