Wat éischter wat besser. Dat denke sech vill Leit wann et em d'Chrëscht-Deko geet. Ma dat ass net just einfach e Ritual mee dat mécht een esouguer frou.

Lauschtert eran

Wie seng Wunneng oder säin Haus éischter am Chrëscht-Look dekoréiert ass méi glécklech wéi déi Persounen déi et net maachen. Esou kléngt d’Behaaptung an de Gedankegang ass dobäi esouguer relativ einfach.

Déi festlech Beliichtung an de Schmuck, léise bei ville Mënsche positiv Gefiller aus. Wien also éischter domat ufänkt Chrëschtdag ze feieren, deen huet logescherweis och méi dovunner. Dofir, dass d’Dekoratioun glécklech mécht, hu Psychologe verschidde Grënn genannt.

Fir d’éischt mol sinn et dacks nostalgesch Motiver. De Psychoanalyst Steve Keown behaapt nämlech géigeniwwer vun ''Unilad'', dass Leit, an enger Welt voller Stress an Angscht, sech gär mat Saache verbannen déi ee frou maachen an d’Chrëschtdeko rifft staark Gefiller aus der Kandheet ervir, esou de Psycholog.

Verschiddener maachesech awer och Spaass dorausser net just bannen ze rëschten, mee och baussen. Et kéint ee mengen, dass vill Leit d’Ae verdréinen, wann d’Fassad schéi beliicht ass, ma genau de Géigendeel ass et de Fall. Mënschen déi an esou Haiser wunnen, wierken dacks no bausse besonnesch frëndlech a lëschteg, och wann eese guer net perséinlech kennt.

Ma déi Deko rifft awer och bei villen d’Erënnerung u bestëmmte Mënschen ervir, déi net méi do sinn. D’Psychotherapeutin Amy Morin geet nämlech dovunner aus, dass Mënschen déi eng Persoun verluer hunn, déi Feierdeeg notze fir sech un déi schéi Momenter mat deem jéineschen ze erënneren. D’Haus deemno fréi ze dekoréieren, kann also hëllefen sech der Persoun méi no ze villen