Niewent enger Zitroun schléift ee besser! Esou behaapt et mol eng Etüd. Ma den Eldo-Max huet dat ganzt selwer mol getest.

Lauschtert eran

Fir d'éischt kléngt et mol extrem komesch wann ee behaapt, dass een niewent enger Zitroun besser schléift. Elo muss een dat fir d'éischt mol nach erklären, well ganz esou komesch wéi et kléngt ass et dann awer net. Et leet een net einfach eng Zitroun niewent sech an d'Bett, mee op de Nuetsdësch an et schneit ee se natierlech op. D'Iddi ass hei, dass de frëschen Doft vun der Zitroun sech duerch de ganze Raum verdeele kann.

Genau dee Geroch, soll sech enger Etüd no déi an der Zäitschrëft Bioorganic and Medicinal Chemistry verëffentlecht ginn ass, positiv op de Schlof ausüben. Behaapt gëtt, dass de Schlof besser a méi roueg ass an donieft géing ee mueres besser an den Dag starten. Weider hunn d'Fuerscher behaapt, dass d'Fruucht fir fräi Otemweeër suergt.

Kléngt prinzipiell net onbedéngt onplausibel, ma trotzdeem wollt de Max wëssen op dat wierklech funktionéiert. Dat heescht hien huet eng Woch laang niewent enger Zitroun geschlof fir ze kucken ob et eppes bréngt.

Fazit vum Eldo-Max

Wärend siwen Deeg hunn ech elo op mengem Nuetsdësch eng opgeschnidden Zitroun leien. All Dag hunn ech virum schlofen eng Scheif ofgeschnidden, dass den Doft nees méi frësch ass. Ufanks hunn ech de Geroch vun der Zitroun an der Schlofkummer ganz agreabel fonnt a sinn och dovunner ausgaangen, dass mer dat iwwert d'Nuecht wäert gutt doen.

No 7 Deeg Test, muss ech dann awer soen, dass ech kee spierbaren Ënnerscheed ka feststellen. Ech schlofen net besser duerch d'Zitroun, mee awer och net méi schlecht. Eventuell läit et dorunner, dass et just 7 Deeg waren an een dat iwwert eng méi laang Zäit maache muss. Ech ka mer nämlech duerchaus virstellen, dass wann ee  méi eng grouss Quantitéit un Zitrounen hëlt an dat ganzt iwwert e puer Woche mécht, een effektiv ee méi rouege Schlof kritt. Well eent kann ech net ofstreiden, de Geroch vun enger frëscher Zitroun huet mech perséinlech effektiv dozou bruecht richteg gutt ze entspanen. Ma och hei ass dat awer affair de Goût. Enger Persoun déi de Geroch vun der Zitroun haasst, ass dat natierlech net ze recommandéieren.