Op Lifestyle Internetsäite liest een ëmmer méi oft, dass vill Sport sech negativ ob den Hoerausfall auswierkt. Mir wollte wëssen, stëmmt dat?

Hoerausfall ass e Problem dee vill Ursaache kann hunn, an deen ee mat honnerte verschiddene Produkter, méi oder manner erfollegräich bekämpfe kann. D’Ernierung, den Alter, d‘Geschlecht an nach vill méi Faktore spillen eng wichteg Roll beim Hoerausfall.

Falen also extrem sportleche Leit tatsächlech éischter d’Hoer aus?

Wéi Dr. Troy Kouremada- Zioga, eng Hoer -Transplantatiounschirurgin, erkläert wier dat net de Fall. Schold ass éischter Proteinpolver dee vill Leit benotzen. Méi genau, déi am Polver enthale Stoffer, si schëlleg. Déi sinn ënner anerem dozou do den Testosteronspigel ze erhéijen, fir do duerch d’Muskelmass ze vergréisseren. Natierlech heescht dat awer net dass Proteinshakes ëmmer zu engem Plakkapp féieren.

Am Kierper gëtt dann den Testosteron an Dyhydrotestosteron oder kuerz DHT ëmgewandelt. DHT suergt z. B dofir dass Männer e Baart kréien. Et ginn awer och Mënsche mat enger méi ausgespreeter genetescher Empfindlechkeet géigeniwwer DHT. Déi Empfindlechkeet suergt dann dofir dass d’Hoer méi schnell um Enn vun hirem Zyklus ukommen an ausfalen.

Den Ernierungsexpert Dr. Lee Cotton huet dann och behaapt dass verschidde Regimmer negativ Auswierkungen ob d‘Gesondheet vun den Hoer kann hunn. Dowéinst ass et ëmmer wichteg sech wärend dem Regime ausgeglach ze ernären. Well eng falsch Ernierung beaflosst den Hoerzyklus a kann esou den Hoerausfall verschlëmmeren.

Et kann een also behaapten dass d’Glatz net duerch de Sport selwer kennt, mee éischter duerch eng Kombinatioun aus Proteinpolver, DHT, der Ernierung a Stress.

Dir kennt also ouni Bedenken esou oft an de Bësch jogge goe wéi dir wëllt, ouni ze riskéieren är Hoer ze verléieren.

Lauschtert eran!