Bis ewell ass et dee Song mat deem se grousse Succès hunn. Ma d'Bridder hunn an engem Interview Detailer iwwert den Track verroden.

Lauschtert eran

AJR ass e Gebridder - Trio déi mat hirer Single ''Bang'' , bis elo, hire gréissten Hit kënne feieren.

Déi 3 Männer soen de Song wéilt kloer stelle wéi schwéier et ass seng Jugend hannert sech ze loossen an endlech op den eegene Been ze stoen. Dozou gehéiert natierlech sech eng Wunneng zouzeleeën, Steieren ze bezuelen a Quinoa z'iessen. En Gros geet et drëms erwuessen ze ginn, esou de Ryan Metzger vun AJR

Eigentlech ass de Song entstane wéi se Album Neotheater vu leschtem Joer geschafft hunn. Ma si hu sech awer decidéiert dësen Track net an den Album ze paken an zwar well se fonnt hunn, dass et net gepasst huet. De Ryan an Jack vun der Band erklären. Dass se déi ursprénglech Versioun vum Song e bëssen ofschwäche wollten. Dat aus deem Grond well se hinnen ze vill no ''Broadway'' geklongen huet.