Pollen, Stëbs, Déierenhoer a Co. si bekannt dofir Leit zum néitsen ze bréngen. Et ginn do awer vill méi skurril Allergien.

Et gi Mënsche mat ganz gelungenen Allergien. Ënnert anerem ginn et Leit déi allergesch géint rout Fleesch sinn. Dës Allergie ka vun enger Bëschzeck ausgeléist ginn. Wat dat ganzt nach méi kuriéis mëscht, d'Allergie ka sech vun haut ob muer entwéckelen, falls ee Gebass gouf. Ësst een da rout Fleesch kann ee mat bäissendem Ausschlag, Mowéi bis hin zu enger allergescher Reaktioun rechnen.

Eng aner Allergie kann zum Beispill vu Schweess verursaacht ginn. Kaum ze gleewen, mee verschidde Leit si wierklech allergesch op hiren eegenen Schweess. Wann dës Persounen ufänke Sport ze maachen oder am Allgemenge waarm ginn, kann dat schonn duergoe fir en Ausschlag ze kréien, dee kraazt a wéideet.

D'Sonn
 kann och Problemer verursaachen. Wann et ze vill waarm ass, kann dat och zu Allergië feieren. Verschidde Leit sinn allergesch géingt UV Stralen, a kennen do wéinst net an d'Sonn ouni speziell Medikamenter a Crèmen oder Kleedung.

An fir all d'Schockelasfanatiker, ginn et  leider schlecht Noriichten. Well Schockela kann och allergesch Reaktioune verursaachen. Woubäi nach net ganz gekläert ass, ob dës net éischter vun zerdréckten Insekten ausgeléist gëtt, déi wärend de Recolten oder der Produktioun an de Schockela kommen.

Zum Schluss kann ee just dankbar sinn dass een net allergesch géingt all Zort vun Iessen a Gedrénks ass, an sech just vun Äiswierfel an enger spezieller Zort Limonade erniere kann. Sou Fäll sinn et nämlech och scho ginn.

Lauschtert eran!