Wat ee méi Zäit doheem verbréngt, wat ee méi dacks iwwerteneen hierfält an dat esouguer wärend der Schaffzäit. Esou behaapt dat mol eng Ëmfro vu OnePoll.

Lauschtert eran

Vun doheem aus kënnen ze schaffen huet eng ganz Rëtsch vu Virdeeler. Et kritt een d' Autoe vun der Strooss erof, et verléiert ee keng Zäit fir op d’Aarbecht an och net fir nees heem a ganz wichteg, de Patron brauch keng esou grouss Büroen, well d’Employéeën den Home-Office notzen. Also quasi nëmme Virdeeler an ass eng Win-Win-Situatioun.

Ma eng Etüd vu OnePoll, eng Firma fir online Ëmfroen huet et elo eppes präis gi wat nawell zimmlech witzeg ass. 2'000 Amerikaner sinn nämlech iwwert déi Plattform gefrot ginn ob se wärend den Hom-Office-Zäite scho Sex gehat hunn. D’Resultat: 58% vun de befrote Leit hunn deem zougestëmmt. 1000 Babyboomers, also Leit déi quasi an der Nokrichszäit gebuer sinn an 1000 Millenials, also Leit déi tëscht 1980 an de spéiden 90er gebuer sinn, hunn bei der Ëmfro Deel geholl.

Interessant ass och nach, dass d’Millenials quasi duebel esou dacks am Homeoffice Sex hate wéi d’Boomers. Fir et anescht auszedrécken, hu 67% vun de Millenials esouguer uginn, dass de Lockdown hiert Sexliewe verännert huet a 46% behaapten esouguer esou vill Zäit fir de ''bump and grind'' ze hu wéi nach ni virdrun.

4 vu 5 Singles aus de Ëmfro hunn och geäussert, dass se wärend der Pandemie op Online-Dates zeréckgräifen an och 4 vu 5 hunn uginn d’Dating duerch déi ''Gestes Barrières'' vill méi intensiv ze fannen.