Den 19. November weist HBO Max de Reunion-Special zu ''The Fresh Prince of Bel-Air''. Dozou huet de Will Smith elo och offiziell en Trailer released.

Op sengem YouTube Channel huet de Will Smith elo ganz exklusiv en Trailer vun deem eropgelueden, op wat mer eis kënne freeë wann de Cast nees zesumme kënnt. Dobäi huet de Schauspiller geschriwwen: ''These are the people who made me the man I am today''.

The Fresh Prince of Bel-Air, d'Serie déi fir ganzer 6 Staffelen iwwert 6 Joer gelaf ass, nämlech vun 1990 bis 1996 erlieft deemno den 19. November op HBO Max eng Reunion. Mat dobäi sinn natierlech de Will Smith, dee Mann dee quasi eng fiktiv Versioun vu sech selwer spillt a vu West Philadelphia op Bel-Air geschéckt gëtt fir do ënnert anerem mat sengem räiche Monni Phil, gespillt vum James Avery an dem Aunt Viv ze liewen. Ufanks ass déi gespillt gi vum Janet Hubert, dono dan awer vum Daphine Maxwell Reid. Donieft war dann nach de Buttler Geoffre, gespillt vum Joseph Marcell an déi 3 Kanner, Hilary, Carlton an Ashley, verkierpert vum Karyn Parsons, Alfonso Ribeiro an Tatyana Ali.

Jiddereen ass also bei der Reunion mat dobäi ausser den Avery, deen 2013 am Alter vun 68 Joer gestuerwen ass. Zousätzlech ass esouguer den DJ Jazzy Jeff dobäi, deen an der Serie dem Will säi Kolleeg, Jazz, gespillt huet.

The Fresh Prince of Bel-Air ass den 10. September gréissten Deel um Set vun der Villa opgeholl ginn, also genau 30 Joer nodeems déi éischt Episod vun der éischter Staffel konnt säin Debut feieren.