Den US-Magasin "People" huet de "Sexiest Man Alive" ausgewielt. An dëst Joer ass et de Michael B. Jordan.

Den US-Magasin "People" huet decidéiert, dass de Michael B. Jordan dëst Joer den Titel vum "Sexiest Man alive" kritt. Bekannt ass den 33 Joer ale Schauspiller duerch seng Rollen ënner anerem a „Creed“, „Black Panther“ an "Justice League".

De Schauspiller war grad an der Emissioun "Jimmy Kimmel Live!" wéi de "People"-Magasin dat bekannt ginn huet.

Hie sot, dass et fir hien "ee coolt Gefill" wier. Hien hätt ëmmer gesot kritt, dass dat déi eenzeg Saach déi hien ni kréie wäert, dat wier. Et wier awer ee gutt elo zu deem Club ze gehéieren. D'Fraen a senger Famill wieren definitiv stolz dorop.

Och den John Legend, Adam Levine, Dwayne Johnson, Chris Hemsworth an den Idris Elba konnte sech well iwwert des Auszeechnung freën. Si all goufe well als "Sexiest Man Alive" geéiert.