Shazam huet eng Lëscht eraus bruecht mat deenen Top-200 meescht shazamte Songs. Hei sinn déi Top-5.

Lauschtert eran

Iwwert déi lescht Joren huet Shazam de Leit gehollef hier Liblingssongs ze fannen. Ma elo, quasi 2 Joerzéngten nodeems se de Programm released hunn, hunn se eng Lëscht mat deene meescht gesichte Songs vun allen Zäiten verëffentlecht. Mir konzentréieren eis elo hei op déi fënnef éischt.

5. Major Lazer & DJ Snake - Lean On

Mer geheien elo hei mol e Bléck op déi Top-5 an do hu mer dann direkt op der 5, Lean on vu Major Lazer. E Song dee mëttlerweil och scho 5 Joer al ass.

4. Avicii - Wake Me Up

Op der 4 hu mer e Museker, deen als ee vun deene beschten, wann net esouguer dee beschte gesi gëtt. E Mann dee leider vill ze fréi gestuerwen ass an zwar den Tim Bergling alias Avicii mat Wake Me Up vun 2013.

3. Passenger - Let Her Go

Op der 3 an domat um Podium gelant ass de Mann mat der nasaler Stëmm an zwar de Michael David Rosenberg alias Passenger, mat 7 Joer aler Single Let Her Go.

2. Robin Schulz, Lilly Wood & The Prick - Prayer In C

Op der 2 dann eng Kollaboratioun tëscht dem franséische Folkpop-Duo Lilly Wood & the Prick an dem Robin Schulz an zwar de Song Prayer in C.

1. Tones And I - Dance Monkey

An d'Plaz 1 geet un eng australesch Sängerin, fir genau ze sinn un Tones And I mat, a wie wonnert et, Dance Monkey