Eng Kaz ass jo u sesch de Chef doheem! Wann de Kinnek op 4 Patte awer miaut an net ganz zefridden ass, muss ee reagéieren. Mee wat wann ee se net versteet?

MeowTalk, eng App déi am Moment nach an der Entwécklungsphasen ass, wëll an Zukunft de Leit hëllefen hire pelzege Partner besser ze verstoen. Dovunner huet wuel och de Janvier Sanchez gedreemt, wéi hien op déi Iddi komm ass.

D'App ka fir Apple an Android Geräter gedownload ginn, och w verschidde Funktiounen nach net esou funktionéiere wéi geplangt. Fir d'App notzen ze kënnen, muss een d'Miaue vun da Kaz mam Telefon ophuelen a markéiere wat domadder gemengt ass. Esou soll ee wann d'Kaz miaut fir z'iessen, dat Miauen an der App als "Ech sinn hongereg" späicheren.

Widderhëlt een dat méi dacks, gëtt eng Datebank generéiert, wouduerch d'App méi prezis gëtt. Dat ass wichteg wëll et kann ee leider keng General Datebank benotzen, vu datt d'Miaue vun all Kaz individuell op hire Besëtzer ugepasst ass. Den Entwéckler vu MeowTalk no huet all Kaz en eenzeg-aartege Vokabulär a Betounung.

Leider ass se nach net performant genuch d'Ge-miaus komplett ze entschlësselen, mee et ass scho mol e gudden Ufank. An der App soll een da bis zu 13 Sätz späichere kënnen, vun "Ech muss raus" bis zu "Ech hunn dech gären". Et gëtt och recommandéiert dass ee pro Saz, d'Miaue mindestens 5 mol soll ophuelen, fir en optimaalt Resultat ze erzilen.

D'Zil ass et, en Halsband ze entwéckelen, deen d'Miaue vun da Kaz direkt iwwersetze soll.

D'App ass also villäicht eng Hëllef fir d'Kommunikatioun an d'Zesummeliewen tëscht Iech an ärer Kaz a Quarantän-Zäiten ze verbesseren.

 

Lauschtert eran!