D'Nout mécht kreativ an innovativ. Dat fält engem ëmmer méi op, wann ee kuckt wat elo alles schonn iwwert Internet méiglech ass.

Lauschtert eran

Wéi de Virus d'Ronn uechtert déi ganz Welt gemaach huet an och mer hei zu Lëtzebuerg an de Lockdown gesat gi sinn, hunn d'Leit sech Gedanke gemaach, wéi ee seng Frënn a Famill nach ka gesinn, ouni physesch present ze sinn. De Grëff as direkt a Richtung Smartphone, Tablett oder Computer gaangen, fir eben iwwert e Video-Call seng Leit kënnen ze gesinn a sech auszetauschen. Do war et virun allem Skype, Zoom, Whatsapp-Call oder Facetime dat op wat en zeréck gegraff huet. Ma déi deen Hype ass awer elo e bëssen ausgelutscht a langweileg.

Donieft ginn et mëttlerweil och Plattformen iwwert déi ee kann zesummen e Film kucken. Woubäi och dat elo net wierklech nei ass.

Ma eppes gëtt et dann awer wat zimmlech innovativ a kreativ ass, nämlech en Escape Room iwwert Internet. Eigentlech handelt et sech bei deenen Exit-Games jo ëm e Rätsel, dat ee just an der Grupp léise kann, wat quasi viraus setzt, dass een an engem Raum ass. Ma bei der Digitaler Versioun iwwert Internet funktionéiert et esou, dass alleguerten d'Spiller sech op der nämmlechter Internetsäit befannen. Dobäi gesäit awer jiddereen aner Indicen. Do muss een also vill matenee schwätzen, zum Beispill iwwert e Videocall. Eréischt wann ee sech do genuch austauscht, beschreift wat ee gesäit, Sounds ofspillt an och mol säin Display weist, huet een eng Chance d'Rätsel ze léisen. Et ass eng Méiglechkeet fir och mol no Corona eppes mat Leit ze maachen déi méi wäit ewech wunnen.

Jee no Ubidder dauert esou eng Partie 1 bis 2 Stonnen et kënne bis zu 6 leit matspillen a kascht fir ee ganze Grupp 25 Euro. Wiem dat ze deier ass, kann och op Gesellschaftsspiller zeréckgräifen déi een iwwert den Internet zesumme spille kann.