Net jiddereen huet eng agreabel a relax Aarbecht. An net jidderee muss sech op eng Schéisserei gefaast maachen. Ma beim Richard Davis war dat de Fall.

Lauschtert eran

Et ass wéi eng Geschicht aus engem Hollywood Film. De Richard Davis war e 17 Joer jonke Mann, deen zu Detroit an den USA gelieft huet.

Nodeems de Richard als Marine an der Arméi war, huet hie sech an der Gastronomie probéiert iwwer Waasser ze halen. Wärend dem Ausliwwere vu Pizzaen ass de Mann och scho méi wéi eng Kéier iwwerfall an ugegraff ginn, sou dass hie sech nëmmen nach bewaffnet op d'Schicht als Liwwerant geraut huet.

Bei enger vu senge Bestellungen hunn him Männer an enger Säitestrooss opgelauert, wourop hin et zu enger Schéisserei komm ass, bei där hie selwer an d'Bee geschoss krut an hien 3 vun den Ugräifer verletzt huet. No dem Tëschefall ass seng Pizzeria, wärend deem hie sech vun de Wonnen erholl huet, ofgefakelt ginn. Hien hat also näischt méi, well alles wat en hat, war an der Pizzeria.

Ma gläichzäiteg ass an der Autoproduktioun no bei sengem Doheem un engem neie Material für Pneuen experimentéiert ginn. Deen Zoufall war dem Richard säi Gléck. Nodeems hien nämlech just knapp dem Dout vun der Schëpp gesprongen ass, huet hien un engem Kierperschutz géint Schosswaffe geschafft a genau dat Material vun de Pneuen huet dofir perfekt gewierkt. Extreem liicht a flexibel an dobäi nach belaaschtungsfäheg a quasi net ze duerchdréngen. Fënnef mol méi staark wéi Stol sollt dann dëst Material sinn, mam Numm Kevlar.

No der Erfindung huet de Richard sech an engem Video op deem en d'West unhuet selwer an d'Broscht geschoss, fir ze beweisen, dass Verlooss op déi West ass.