Fir professionell Museker déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, gëtt et eng gutt Nouvelle. Den Exportbüro Music LX huet nei Hëllefen annoncéiert.

D’Zäiten si schwéier de Moment fir Museker. An deem Kader huet Music LX nei Ënnerstëtzung annoncéiert. Wéi den Direkter Giovanni Trono erkläert, ass di wichtegst Hëllef de „Global Budget Grant“ mat engem Maximum vu 15.000 Euro

Fir dovun ze profitéieren, mussen d’Museker virum 30. November en Dossier era ginn an dee gëtt da vun engem Jury evaluéiert. Di 2. Hëllef ass eng Ënnerstëtzung beim „Songwriting“ a bei der Kompositioun.

Di 3. Hëllef, „Support for local structures“, ass komplett nei, si adresséiert sech nämlech net direkt un d’Artisten, mee un Leit aus der lokaler Museksindustrie, wéi Booker, Manager oder Plackelabelen. Doriwwer eraus  huet Music LX och seng Marketing-Hëllef adaptéiert- déi elo op d‘online Presenz vun de Museker ausgebreet gëtt.

Lauschtert hei de Reportage