Wann een aanere ka blockéieren heescht dat logescherweis och, dass ee selwer ka blockéiert ginn. Ma wéi weess ech dann elo wiem ech op de Su ginn?

Lauschtert eran

Fir een op Whatsapp ze blockéiere muss ee just den Chatverlaf mat der Persoun opmaachen, uewen op den Numm klicken, erof scrollen an op ''Kontakt Blockieren'' drécken. Ass ganz einfach a virun allem och séier gemaach. D’Nervesee kann iech also net méi schreiwen a kritt och keng Statusmeldunge méi ugewisen.

Wéi fannt der elo eraus ob dir villäicht selwer blockéiert gi sidd? Dat ass eigentlech ganz einfach, dir musst just op verschiddenes oppassen. Whatsapp selwer bitt nämlech keng Astellung un déi uweist ob ee blockéiert gouf.

Indice Nummer 1

Wann der e Verdacht hutt, da kuckt iech mol d’Profilbild vun der Persoun un vun der der mengt blockéiert ze gi sinn. Ass d’Foto do heescht dat nach näischt, et kéint eventuell och eng al sinn. Klickt dofir léiwer op de Profil. Gesitt der elo keng Infoe méi, respektiv d’Foto verschwent a gëtt duerch e grot Bild ersat, sidd der héchstwarscheinlech blockéiert ginn.

Indice Nummer 2 & 3

E weideren Indice ass, wann am Chat ënnert dem Numm vun deem Mënsch keng Zäit méi steet oder bei de geschéckte Message just nach ee Kreepche kënnt amplaz zwee.

Indice Nummer 4

Net ze vergiesse sinn hei d’Gruppenchats als Kontroll. Erstellt eng Grupp a maacht der verdächtegen dobäi. Kritt der deen dono bei Gruppeninfo net méi ugewisen, da wësst der wou der dru sidd.

Indice Nummer 5

Last but not least nach den ultimativen Test. Probéiert ganz einfach déi Persoun iwwer Whatsapp unzeruffen. Wann der do net duerch kommt dann ass et kloer: Dir sidd blockéiert ginn.