An der Rubrik "Naschkatze" test d'Eldo-MorningShow skurril Trends fir z'iessen an ze drénken. Dës Kéier goung et ëm "Cheese Tea".

Eh, pardon, wat? Jo, richteg gelies. Wéi den Numm et scho seet, besteet dëst Gedrénks aus Kéis an Téi.

Klengt net nëmmen aussergewéinlech, mee en ass och sou. A sou soll en och schmaachen. Gëtt mol gesot!

Grond genuch fir d'Eldo-MorningShow dësen Cheese Tea mol ze testen.

Den Trend kënnt iwwregens aus dem Taiwan a gëtt och zhī shì chá genannt.

Wat brauch een dofir?

Fir 1 Portioun:

- 2 EL wäisse Kéis (Frischkäse)

- 50 ml Schmant

- 1 EL Mëllech

- 1 EL Zocker

- eng Prise Salz

- Äiswierfel

- Téi (z.B. Matchatéi, Friichtentéi oder Jasmintéi)

Wéi bereet een den Cheese Tea vir?

Fir d'éischt bereet een den Téi mat waarme Waasser vir. An där Zäit wou den Zéi zitt, bereet een den Topping vir.

De wäisse Kéis, de Schmant, d'Mëllech, den Zocker an d'Prise Salz mécht een alles an een Dëppen. Dann hëlt een de Mixer, an da mixt een alles bis eng méi fest Konsistenz entsteet. Et dierf awer keng ze fest Konsistenz sinn.

Duerno mécht een e puer Äiswierfel an den Téi, an da kënnt den Topping uewendriwwer.

Wichteg: Den Topping soll een net mam Téi vermëschen. Sou verléiert d'Gedrénks säi Goût. Et soll ee fir d'éischt de Kéis, an dann den Téi drénken.

Wéi gefällt der MorningShow den Cheese Tea?

Andy: klengt verréckt, mee den Cheese Tea ass wierklech gutt, ech gi 4 vu 5 Punkten

Chich: interessante Goût, ech géif e bësse méi Zocker huelen a ginn 3 vu 5 Punkten

Cheers :)

© Eldoradio