
© Pexels, Eldoradio
Ee Mount laang huet d'ganzt Eldoland dru gebastelt! Elo ass et fäerdeg: d'2020er Versioun vu Last-Christmas made in Lëtzebuerg!
D'Eldoradio Morningshow ouni Last Christmas? Den Andy huet gemengt hien hätt net richteg héieren.... Tatsächlech wollt de Chef him dëse Chrëschtdagsklassiker vu Wham! verbidden ze spillen. #buuh
Fir datt de Last Christmas-Kult awer fir d'Chrëschtzäit deel vun der Morningshow ka sinn, haten den Andy an d'Chich e Plang:
Last Christmas sing-along!
Lauschtert hei dat ganzt Wierk mat alle Stëmmen aus dem #eldoland
D'Eldoland sengt Last Christmas.
De Ganzen November konnt een all Dag seng Textzeilen via Whatsapp op den +352 691 947 577 schécken!
Zesumme mam GANZEN ELDOLAND huet d'Morningshow Last Christmas zréck op den Eldo bruecht!
A fir de Chef: Last Christmas gëtt et dëst Joer awer! #sorrynotsorry

M E R C I I E C H A L L E G U E R
Andy & Chich