Net méi laang, dann ass 2020 endlech eriwwer.

Och hei a Groussbritannien war et en ongewéinlecht a schwéiert Joer dat haaptsächlech vun 2 Themen dominéiert gouf: Der Pandemie an dem Brexit.

Lauschtert hei de Reportage:

Mat bal 2,5 Millioune positive Fäll an iwwert 70.000 Doudeger gouf Groussbritannien mat am Schlëmmsten an Europa vun der Pandemie getraff. Zwee komplett national Lockdowner goufen et bis elo an et gesäit ganz duerno aus, wéi wann deen drëtte Lockdown scho virun der Dier steet. Ëmmerhi si mëttlerweil iwwert d’Hallschent vun all de Leit déi a Groussbritannien liewe souwisou an engem strikte Lockdown.

Nieft der Pandemie huet de Brexit d’Britten dann och dëst Joer beschäftegt, besonnesch déi läscht puer Méint. Laang war net sécher op et zu engem Deal tëschent der EU a Groussbritannien komme géif mee schlussendlech huet et awer geklappt an domadder gouf den Horrorzeenario vun engem haarde Brexit eliminéiert. Wéi gutt den Deal awer tatsächlech ass, wäert sech eréischt an den nächste Méint a Jore weisen.

RTL

© pixabay.com

Wéi fir déi meeschte Leit op der Welt geet vir d’Britten den Owend e schlëmmt Joer op en Enn. An och wann d’Pandemie an d’Konsequenze vum Brexit nach laang net verschwanne wäerten, esou bleift d’Hoffnung awer, dass 2021 eigentlech nëmme besser ka ginn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter