Vu Corona-Leugner,komeschen Nimm, Befreiungsmovements bis ongewéinlech Presidentschaftskandidatem war dëst Joer alles dobäi.

Michael Wendler a Xavier Naidoo

Si gehéieren zu der Kategorie déi sech deels iwwerraschend als Corona-Leugner geout hunn. An och soss frou si mat Verschwörungstheorien. Virun allem: de Wendler sollt den Xavier Naidoo jo eigentlech bei DSDS ersetzen. Ma anscheinend huet dem Wendler den Aluhutt awer besser gefall wéi de Stull an der Jury. Just blöd wann ee souwisou scho bankrott ass, wéi am Wendler sengem Fall, an een sech duerch seng Remarke vis à vis vum eegen Chef, aka RTL ,an de Ruin dreift.

Elon Musk

X Æ A-12. Nee mer maache lo keng Mathe. An nee mer verroden iech och grad net eng geheim Formel. Dat do ass den Numm vum Elon Musk sengem Bouf. Ausgeschwat gëtt dësen Numm "X Ah Ä 12". Jo dat mécht et och net besser. Denkt iech just: gottseidank sidd der net d'Joffer vun dem Kand.

Kanye West

De Kanye West mécht alles anescht. Dofir huet een dëst Joer och, wéi eist Catherine géif soen: "Kanyedéiert" . An dat direkt fir de Poste vum "Big Boss" vun den USA, nämlech als US-President. Ma de Kanye sollt net vill Succès hu mat senger Campagne. Och privat hat de Rapper vill ze kämpfen, mat senger bipolarer Stéierung. Dofir wënsche mer dem Kanye, dass et ëm geschwënn nees besser geet!

Free Britney

Et geet hei ëm d'Tutelle vun der Pop-Prinzessin Britney Spears. Dëst Joer gouf nees viru Geriicht gekuckt, ob déi 39-Joer al Sängerin no 10 Joer net méi sollt ënnert der Tutelle vun hirem Papp stoen. An d'Fans vum Britney hu sech fir d'Sängerin agesat. Si si protestéiere gaangen, si hu Petitiounen opgesat, a souguer aner Stars hunn d'Britney ënnerstëtzt. Ma d'Fans musse sech elo nach eemol bis September 2021 mobiliséieren: da gëtt nees gekuckt wéi et weidergeet.

Imagine vu Gal Gadot a Co.

Villäicht gutt gemengt, an duerch Social Distancing eng gutt Iddi fir mol nees e puer Stars "beieneen" ze hunn. Ma schlussendlech war et awer virun allem liicht... cringeworthy. D'Gal Gadot hat säin ënnerlecht Wonder Woman ausgepak a mat enger Hällewull u Stars d'Lidd "Imagine" vum John Lennon opgeholl. Beschten Deel un der ganzer Saach: den John Mayer. Hien hat geduecht, d'Stars géifen "Imagine" vum Ariana Grande sangen, an och eng Zeil vun dem Lidd agesongen...