© Ismael Sanchez / pexels.com
Doriwwer op sech de Charakter iwwert Joren ännere kann, gëtt ëmmer nees diskutéiert. Tatsächlech ass dësen guer net esou bestänneg.
De Saz "Du hues dech zwar verännert", ka genee esou zweedeiteg opgeholl gi wéi de Saz "Du hues dech jo iwwerhaapt net verännert!". Et si Réckmeldungen, Wënsch, a perséinlech Wäertungen aus dem Ëmfeld, déi dobäi hëllefe sollen erauszefannen, wéiee Verhalensmuster ee fir sech selwer bäibehale kann.
Dee ganz liicht interpretéierbare Saz "Ech ännere mech fir keen" ënnersträicht d'Wichtegkeet vun der eegener Autoritéit, an de Saz "Du wäerts dech souwisou ni änneren!" soll verdäitlechen, wou dem aneren seng Schwächte leien. Mä stëmmt déi Ausso iwwerhaapt, a kann de Mënsch sech charakterlech wierklech ni änneren?
Prinzipiell gëllt: Changementer sinn ëmmer mat gewëssenen Erausfuerderunge verbonnen, an dowéinst och net ëmmer gär gesinn.
Eng fir all Mënsch gëlteg Virausso fir de Grad vu perséinlecher Verännerung gëtt et net. Et ginn allerdéngs Tendenzen, déi Fuerscher an enger liewenslänglecher Etüd mat ronn 18.000 Persounen erausfonnt hunn.
De Charakter léisst sech deemno a 5 Dimensiounen opdeelen: D'Kooperatiounsbereetschaft, d'Fäegkeet sech selwer ze kontrolléieren, d'Oppenheet fir Neies, d'emotional Stabilitéit an d'Extraversioun.
All dës Dimensioune kënnen an zwou Richtungen ausschloen, a bréngen op béide Säite Vir- a Nodeeler mat sech, an dës si fir all individuell Liewenssituatioun interpretéierbar.
D'Kooperatiounsbereetschaft ass an der Analys als eenzeg Dimensioun iwwert 50 Joer relativ stabil bliwwen. Domat ass et zimmlech onwarscheinlech, dass een ëmmer genee dee selwechte Charakter bäibehält. Déi Loscht sech ze verännere kann u bestëmmten Trigger festgemaach ginn. Si entsteet no bestëmmte gravéierenden Erliefnesser, an no laanger Selbstreflektioun. Deemno passt wuel éischter de Saz "Ech sinn esou, wéi d'Situatioun et grad erfuerdert".
An dobäi ass et wéi bei allem: Wann een sech selwer wuel spiert, an och kengem weidere wéideet, ass ee genau richteg.
Vicky