Wie laang gesond a fit bleiwe wëll, kënnt net ëm eng gesond Ernierung ronderëm.

Beim Konsuméiere vu verschiddene Liewensmëttel sinn sech vill Leit net bewosst, wéi schiedlech dës kënne sinn. Dozou zielt och Iessen dat souguer dacks als gesond betitelt gëtt.

Och wann e verschidden Iessproduiten einfach net widderstoe kann, sollt een awer heiansdo drop verzichten. Da lieft een net nëmme méi gesond, mee an der Theorie och méi laang!

Heirënner falen zum Beispill Fleeschproduiten. Dës hunn en héijen Undeel u Fettsaieren an hunn en héije Salzgehalt. Grad dat sougenannte Pökelsalz ass problematesch. Beim Erhëtze vun dësem entsti Stoffer wéi Nitrosamine, déi kriibserreegend sinn.

En aner schiedleche Stoff ass Bisphenol A. Dëse fënnt een a Konserven Dousen, an de kann d ’Hormoner ugräifen a  zu Entwécklungsstéierunge bei Kanner féieren. Am Beschte keeft een dofir seng Produiten a Glas.

Als gesond gëtt jo Fësch ugesinn. Thon oder Lachs beinhalten awer vill Quecksëlwer. Fësch déi a Masse geziicht ginn, hunn ausserdeem vill Antibiotiquen a Pestiziden an hirem Kierper.

Wien sech dann Owes mol gär Popcorn an der Mikrowell mécht dee soll sech bewosst sinn dass de fäerdege Popcorn vill Zocker, Salz a Geschmaachsverstäerker, wéi zum Beispill Diacetyl huet. Dëse Stoff ass genee esou schiedlech wéi eng E-Zigarett.

Et soll e sech elo awer net verréckt maachen, mee einfach bewosst an a Mossen déi verschidde Liewensmëttel konsuméieren.

Lauschtert eran!