© Pexels
Nodeems ee Chrëschtkaddoe fir Famill a Frënn kaf huet, ass de Portmonni oft net méi sou voll wéi virdrun. Fir dee rëm ze fëlle ginn et awer Spuertipps!
Geld spueren ass net ëmmer einfach, awer wichteg. Besonnesch no de Feierdeeg huet de Portmonni gelidden. Fir déi perséinlech finanziell Situatioun erëm ze verbesseren ass spueren ugesot.
Richteg ze spuere kann ustrengend sinn, wëll déi meeschte Leit ginn hier d'Geld fir Klengegkeeten aus, 1€ hei an nach 1€ do. Um Enn vum Mount huet een dann awer näischt méi. E Budget a Boergeld kann do hëllefen. De Budget suergt dofir dass een zum Beispill net méi wéi 100€ ausgëtt. Boergeld hëlleft dann sech un de Budget ze halen, well ouni Kreditkaart kann een nëmmen dat ausgi wat een huet. Zudeem behält een e besseren Iwwerbléck.
Ween sech awer lo net well un en Budget halen, dee ka probéieren impulsiv Akeef ze reduzéieren. Bei deiere Saache kann een dann d'24h Reegel notzen. Anstatt de Produit direkt ze kafen, iwwerleet een ob dëse wierklech noutwendeg ass, et gëtt nämlech en Ënnerscheet tëschent "brauchen" a "wëllen". Fir méi kleng Akeef kann een dann d'10 Sekonne Reegel notzen. Déi funktionéiert d'selwecht wéi d'24h Reegel.
Wann dat net sollt klappen da kann ee probéieren seng Perspektiv ze änneren. Et soll ee sech virstellen, eng aner Persoun bitt engem an der enger Hand de Produit un deen e wëll, an an der anerer Hand d'Valeur vum Produit a Cash. Wielt een dann d'Boergeld, ass d'Decisioun kloer; Et brauch een de Produit net. Wat een och ka maachen ass iwwert de Wäert vun Aarbechtsstonnen nodenken. Esou kaschten déi nei Kopfhörer net 90€ mee si si quasi e ganzen Dag schaffe goe wäert.
Esou kann de Portmonni sech bis de Summer erhuelen. Dann huet een och erëm genuch Geld fir op Festivaller a Concerten ze goen.