© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech dës Woch äert Joer viraus, dat mam passende Sound!
Widder
Steve Aoki, Alle Farben & Icona Pop - I Love My Friends (And My Friends Love Me)
D'Frëndschaften bréngen d'Widderen duerch all Héichten an Déiften vum Joer 2021
Stéier
Elderbrook - My House
Et ass d'Joer vun de Projeten. Nieft e puer Tréinen gëtt et och vill Freed!
Zwilling
Annenmaykantereit - Ausgehen
Eleng geet et den Zwillingen net gutt. Dofir ass domat 2021 och ëmmer een op ärer Säit!
Kriibs
Jason Derulo - If I'm Lucky
D'Gléck verfollegt d'Kriibsen dëst Joer. Mol ass et ee klengt Gléck mol ee grousst.
Léiw
Tupac - Changes
Bei de Léiwe steet dëst Joer fir de Wandel. Gitt mat Freed eran, da geléngt et!
Jongfra
Post Malone - Circles
No vill Stress lescht Joer, loossen d'Jongfraen 2021 mat ganz vill Rou op sech duerkommen.
Wo
Taylor Swift - You Need To Calm Down
D'Woe fannen dëst Joer hiert Gläichgewiicht erëm, och wa se e bëssen dofir schaffe mussen.
Skorpioun
Lizzo - Soulmate
Bei de Skorpiounen gëtt dëst Joer emol no sech gekuckt. Verwinnen an Selbstreflexioune stinn um Programm.
Schütze
Zoe Wees - Control
D'Schütze léieren dëst Joer emol e bësse Kontroll ofzeginn, an dofir hirem Häerz ze vertrauen.
Steebock
House Of Pain - Jump Around
Grouss Spréng, souwuel privat wéi och op der Aarbecht maachen d'Steebéck dëst Joer. Och ouni Training.
Waassermann
Alicia Keys - Love Looks Better
Fir d'Waassermänner steet 2021 ganz am Joer vun der Léift. Bleift iech awer trei!
Fësch
Sia & David Guetta - Let's Love
Bei de Fësch dréint sech dëst Joer alles ëm d'Famill. Et geet zeréck bei d'Wuerzelen!