Eng Etüd vu Samsung huet erginn dass am Zäitalter vum Streaming, Pop-Balladë méi kuerz ginn. De Grond: Jonker kënne sech net méi sou laang konzentréieren.

Laut enger Etüd vu Samsung si Jonker net méi an der Lag sech fir länger Zäit ze konzentréieren. Dowéinst sollen an Zukunft Popsongs méi kuerz ginn. Am Joer 2000 hunn sech d'Leit nach 12 Sekonnen op e Song konnte konzentréieren. Dës Zuel soll awer op 8 Sekonnen erof gaange sinn.

Déi feelend Sekonne wieren awer wichteg, well et huet d'Zäit verkierzt, déi een aktiv der Musek nolauschtert. Esou decidéiert ee bannent 8 Sekonnen op de Song gutt oder schlecht ass. Samsung huet erkläert dass bis 2030 d'Songs nach méi kuerz kéinte ginn, well d'Konzentratioun vun de Leit mat de Joren nëmme weider schrumpfe wäert.

De Problem besteet dodran, dass Artisten op Streaming-Déngschter näischt verdénge wann hire Song an den éischten 30 Sekonnen ewechgedréckt gëtt. Dat huet dann als Konsequenz, dass Museker hier Kompositiounen un déi aktuell Trends upassen. Well den Algorithmus vun zum Beispill Spotify erkennt d'Iwwersprangen nämlech als Onzefriddenheet. Doduerch gëtt den Artist dann aneren User manner recommandéiert.

Wien Musek aus den 2000er mat haut vergläicht, dee mierkt schnell, wat sech geännert huet. Nämlech net nëmmen d'Längt vum Track mee och de Refrain ass un den Ufank vum Lidd gerutscht. Déi Changementer si wichteg fir den Nolauschterer direkt un de Song ze bannen. D'Lidd hält och mëttlerweil um Héichpunkt op an da kann direkt dat nächst Lidd gespillt ginn.

D'Prognos vu Samsung ass, dass d'Lidder an den nächsten 10 Joer ëm 1 Minutt méi kuerz wäerte ginn, also vun 3 Minutten op 2 Minutten.

Lauschter hei!