© EMMANUEL DUNAND / AFP
2018 ass et a punkto Brexit héich hiergaange bei de Britten.
Nodeems d’EU a Groussbritannien gutt Fortschrëtter bei den Austrëttsgesprächer gemaach hunn, gouf offiziell annoncéiert, dass ee vun elo un dann och iwwert déi zukünfteg Bezéiunge verhandelen dierf. An do war jiddweree gespaant wat fir eng Linn d’Theresa May, déi jo géint de Brexit war, huele géif.
Lauschtert hei de Reportage:
Am Juli, war et dann esou wäit an hire Plang gouf publizéiert. Et war e Brexit light, dee weiderhin enk Bezéiungen tëschent der EU a Groussbritannien virgesinn hätt. D’Brexit-Fans waren ausser sech an hu Stëmmung géint de Plan gemaach. Prominent Regierungsmemberen ewéi de Boris Johnson oder den deemolege Brexitminister David Davis hunn aus Protest hir Mandater niddergeluecht. Insgesamt hunn 18 Regierungsmemberen dat Joer d’Handduch geheit.
© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP
Am November dunn eenegen sech d’EU a Groussbritannien offiziell op en Austrëttsvertrag, deen awer nach am brittesche Parlament ugeholl muss ginn. De Vott gëtt op Januar verluet well déi konservativ Partei eng Rebellioun géint d’Theresa May an der Form vun engem Mësstrauensvott plangt. Zwar iwwersteet si dëse Vott, mee iwwert 100 Deputéierte vun hirer eegener Partei stëmme géint se. Domadder war den Ufank vum Enn vun der Premierministesch May agelaut.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter