2020 war dat lescht Kapitel vun der Brexit-Saga.

Nodeems de Boris Johnson am Januar versprach huet, dass esou oder esou d’Brexitverhandlungen Enn dës Jores fäerdeg wieren, krut hien den Austrëttsvertrag duerch d’Parlament a Groussbritannien ass den 31 Januar offiziell aus der EU ausgetrueden. D’Iwwergangsphas, bei där nach alles beim Ale bleift, gëllt awer nach bis Enn des Joers, Zäit déi déi brittesch Regierung brauch, fir en Handelsofkommes mat der EU ze erschaffen.

Lauschtert hei de Reportage:

Am Summer dann, annoncéiert d’Regierung dann, dass si en neit Gesetz stëmme loosse wëll, dat hinnen et erlabt verschidde Passagë vum Austrëttsaccord ze ignoréieren, wann hinnen dat net passt. Prompt huet d’EU domadder gedréit sämtlech Verhandlungen auszesetze wann si sech net drop verloosse kéint, dass Groussbritannien sech u seng eege Verträg hält.

© Olivier HOSLET / POOL / AFP

No laangem Hin an Hier a villem politeschem Drama gouf dunn de 24 Dezember annoncéiert, dass sech Groussbritannien an d’EU op en Deal gëeenegt hätten. Zwar muss de Vertrag nach a verschiddenen Instanze ratifizéiert ginn, mee domadder ass dee ganze Prozess offiziell den 31 Dezember op en Enn komm. Op d’Britten, déi sech laut eegene Wierder endlech vun de Fessele vun der EU befreit hunn, elo wierklech déi glorräich Zukunft hunn, déi hinnen de Boris Johnson a seng Konsorte versprach hunn, wäerte mer eréischt an den nächste Joren erausfannen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter