Emma a Gabriel sinn déi beléiftste Virnimm fir Meedercher/Jongen, op d'mannst wann een d'Lëscht vun de Kannerumeldungen an der Stad kuckt.

Emma, Lea, Sofia, Zoe a Mia - dat sinn déi beléiftste Virnimm fir Meedercher fir 2020, op d'mannst vun de Puppelcher, déi wärend dem leschte Joer an der Stad Lëtzebuerg ugemellt goufen. Dat sot eis d'Stad Lëtzebuerg op Nofro hinn.

Bei de Jonge-Virnimm sinn et de Gabriel, Leo, Louis, Liam a Felix gewiescht, déi am beléiftste waren.

Hei nach eemol den Iwwerbléck:

Jongen :

  1. Gabriel
  2. Leo
  3. Louis
  4. Liam
  5. Felix
Meedercher :

  1. Emma
  2. Lea
  3. Sofia
  4. Zoe
  5. Mia
Bei de Meederchersnimm fält op, dass besonnesch kuerz Nimm an Nimm déi mat "A" ophalen, ganz gäre geholl ginn.

Vergläicht ee mam Joer virdrun, da bleift bei de Meederchers-Virnimm weiderhin Emma am beléiftsten.

Kuckt hei den Iwwerbléck vun 2019:

Jongen:

  1. Gabriel
  2. Leo
  3. Louis
  4. Noah
  5. Luca
Meedercher:
  1. Emma
  2. Charlotte
  3. Mia
  4. Lea
  5. Chloé

Den éischte Puppelchen, deen 2021 op d'Welt komm ass, heescht iwwregens Romy.