© Pixabay
Heiansdo wierkt eng kléng Blimmche Wonner a léisst déi eege Wunneng méi lieweg wierken. Mir hu fir iech Planzen erausgesicht déi net kriddeleg sinn.
Wann een doheem eraus plënnert oder schonn eng Zäitchen eleng wunnt a sech seng Wunneng nach e Krack méi gemitterlech wëll maachen, da kënnt ee quasi net laanscht déi eng oder aner Planz. Dat muss keng grouss oder deier sinn, éischter eng déi net séier futti geet.
Planzen déi net vill Fleeg brauchen a fir déi Leit geduert sinn déi kee gréngen Daum hunn, ginn et der eng jett.
Monstera
Dorënner fält zum Beispill d' ''Monstera''. Et ass eng klassesch Stuffeplanz déi optesch e klengen Dschungelflair verbreet. Stellt se op eng Plaz wou vill Schied ass an netzt se reegelméisseg. Méi musst der net maache fir, dass se sech wuel villt.
© Pixabay
Draachebam
Nach besser ass den Draachebam. Gesäit aus wéi eng kleng Palm mat engem méi dënne Stamm a méi schmuele Blieder. Vill Waasser a Luucht brauch de klenge Beemchen net, e muss just vun Zäit zu Zäit ëmgedëppt ginn.
© Pixabay
Yucca-Palm
E Krack méi schéin ass dann awer d’Yucca-Palm. Se kënnt ursprénglech aus dem Beräich vu Mëttelamerika a brauch dofir net vill Waasser. Wann een et genau hëlt, dann ass de Yucca guer keng Palm mee e Spargelgewächs.
© Pixabay
Geldbam
Ganz interessant ass de Geldbam, op laténgesch ''Crassula ovata''. De klenge flotte Beemchen huet gär d’Sonn a brauch net vill Waasser. Den Nodeel hei ass, dass den Numm vun der Planz leider net Programm ass.
© Pixabay