© Pexels
Neit Joer, nei Zieler. Sou kennt dir Verännerungen, ouni onnéidege Stress, an ärem Liewen ëmsetzen.
Fir dat neit Joer sëtzen déi meeschte Leit sech dacks ganz grouss Zieler. Dat si meeschtens Saachen déi se am an Zukunft evitéiere wëllen, wéi Alkohol drénken oder Saachen déi se dann elo mol endlech méi konsequent wëllen duerchzéien, wéi méi Sport ze maachen. Dëst féiert dann natierlech zu Stress an zemools dann, wann een d’Virsätz net esou anhält, wéi een sech dat virgestallt huet. Den onnéidege Stress muss awer net sinn. Et brauch een net direkt riseg Verännerungen a sengem Liewen ze huelen, scho Klengegkeeten déi een anescht mécht, kënne positiv Auswierkungen op eist Liewen an eis Psych hunn. Hei sinn e puer Tipps, wéi dir mat manner Stress an d’neit Joer start.
Éischtens Owes scho Saache virbereeden. Wann een sech Owes schonn säin Outfit fir den nächsten Dag prett leet, spuert ee Moies Zäit an et kann een den Dag méi entspaant ugoe loossen. Dat selwecht gëllt och fir d’Moies-Iessen, dat kann een sech och Owes virbereeden.
Zweetens sech méi Zäit huele fir Saachen déi Spaass maachen. Also konsequent déi Aktivitéiten an den Dagesoflaf aplangen, déi engem Freed maachen. Dat kann dann och ganz verschidden ausgesinn. Och schonn sou banal Saache wéi Mueres a Rou eng Taass Kaffi genéissen oder Owes eng hallef Stonn an der Buedbidde verbréngen, kënne Wonner bewierken.
Drëttens, sech eng Liblingsplaz sichen. Meeschtens gesäit een net vill méi am Dag wéi seng Aarbechtsplaz oder säin Doheem. Dofir sollt een sech am beschten eng Platz sichen, wou een aus der gewinnter Ëmgéigend eraus kënnt. Op dat elo eng Bänk an engem Park ass oder eng bestëmmte Platz am Bësch. Da muss e just och konsequent Zäit aplangen, déi een op dëser Plaz verbréngt, fir d’Batterien nees opzelueden.
E leschten Tipp wier einfach emol säin Handy a säi Fernsee aus ze maachen. Zemools Owes kann d’Luucht an den Toun vum Handy ee méi aus der Rou bréngen, wéi ee villäicht mengt. Dat selwecht och beim Fernsee. Wann ee béides emol fir eng Zäit aus mécht, huet ee méi Zäit fir déi wichteg Saachen an et kann sech mol e puer roueg Minutte gënnen. Och nei Hobbyen, kënnen engem beim Ofschalten hëllefen.