© Pixabay
De Wanter kann ee midd maachen. Dat net nëmmen am iwwerdroene Sënn. Hei fannt der e puer Tipps, fir monter duerch de Wanter ze kommen.
1. Luucht tanken
Och wann d'Sonn am Wanter net esou offensichtlech um Rendez-Vous ass, ass et awer wichteg weider eraus ze goen. Well och wann ee se net vill gesäit, ass d'Sonn do. Dofir gëllt et och am Wanter eraus ze goen. Donieft deet och d'Beweegung gutt fir géint d'Middegkeet ze kämpfen.
2. Gesond ernieren
Eng gesond Ernierung heescht net automatesch Regime! Mee sech richteg ernieren ass och elo wichteg. Och wa mer et am Wanter gäre méi defteg hunn, ass et besser och méi liicht Saachen z'iessen. Besonnesch wichteg: genuch Vitaminnen a Mineralstoffer zou sech huelen!
3. Genuch drénken
Net nëmmen am Summer riskéiere mer net genuch ze drénken. Och am Wanter gëllt et dorop opzepassen. Wien awer elo net ëmmer nëmme wëll Waasser drénken ka sech och Ofwiesslung mat Hëllef vun Téi verschafen. Déi wiermen dann och nach an dinn der Gesondheet gutt.
4. Genuch schlofen
Der sidd midd, an da rot een Iech och nach un ze schlofen? Jo richteg héieren! Wann der effektiv konstant midd sidd, dann ass et besser, der gënnt ärem Kierper déi eng oder aner Stonn méi Auszäit a Rou. Dat bedeit elo awer net exzessiv ze schlofen, soss riskéiert der ganz aus dem Rhythmus ze kommen!
5. Positiv denken!
Eise Kapp, respektiv d'Gedanken déi eis esou do derduerch ginn, hunn ee groussen Afloss op eis Laun. Wien also schonn opsteet an negativ denkt, oder sech freet wéi en nëmme soll duerch den Dag kommen, mécht sech d'Liewe komplizéiert. Probéiert zum Beispill beim aschlofen an opstoen 5 Saachen ze soen, fir déi der dankbar sidd an ärem Liewen.