Alles wat iech duerch de Kapp geet sollt der op de Pabeier bréngen. Dir schreift är Gedanken néier a suergt esou fir e fräie Geescht.

Lauschtert eran

Als Teenager huet een et warscheinlech méi dacks gemaach wann och heemlech an zwar a säin Tagebuch schreiwen. Deen een oder aneren huet et sécher scho mol gemaach oder mécht et esouguer nach haut. Woubäi een och muss soen, dass dat net einfach just eng verdreemte Jugend-Beschäftegung ass, mee e Ventil fir déi eege Problemer a Saachen déi ee beschäftege kënnen ze verschaffen.

D’Feiere vun engem Tagebuch reduzéiert virun allem de Stress. Ufanks mierkt een net wéi dat soll Stress ofbauen. Ma wann een awer bis Übung huet, da stréimen d’Wieder an d’Sätz nëmmen esou op de Pabeier an et verfält een an e reegelrechte meditativen Zoustand.

Eis Problemer brénge mer op de Pabeier a ginn hinnen domat e Gesiicht an en Numm. Natierlech sinn se domat nach ëmmer net geléist, mee wéinstens mol ausgeschwat. Dat diffus Gefill vun der Hektik an Nervositéit verschwënnt, well mer e bëssen Distanz zu deem ganze kréien.

Esou änlech funktionéiert d’Tagebuch och bei eisen Ziler. Hutt der déi mol bis opgeschriwwen, kënne se reell ginn. Esou hutt der och d’Méiglechkeet Lëschten ze erstellen, Stéchpunkter opzeschreiwen a sech mat der positiver Virfreed auserneen ze setzen.

Dir hutt eng Kéier näischt wat der opschreiwe kënnt? Schreift trotzdeem! Dat nennt sech Freewriting an ass eng Technik déi d’Kreativitéit schoule soll. Schreift alles op wat iech grat dee Moment an de Sënn kënnt.

Zu gudder Lescht kënnt dann nach den nostalgesche Grond wisou een esou ee Buch soll féieren an zwar fir Glécksmomenter festzehalen, Erënnerunge schéin ze schreiwe ma awer och Déifpunkten ze verschaffen. Liest der dat ganzt e puer Joer méi spéit, begéint der ale Problemer déi guer net méi esou wichteg wierken a schéin Erënnerungen un déi der gären zeréck denkt. Dir sidd der Verfaasser vun ärer eegener Liewensgeschicht.