© Pixabay
Heiansdo sëtzt ee schonn op der Kusch a mierkt, dass een nach eppes am Auto leien huet. Hei gëllt et op kee Fall bequem ze sinn.
Wann et dobausse kal ass a fréiert, dann ass et virun allem mol wichteg seng Wanterpneuen um Auto ze hunn. Wann een da mol vun A op B fiert an aus dem Auto klëmmt huet een och mol gären heiansdo d’Tendenz e puer Saachen einfach am Auto trëllen ze loossen. Eng Gewunnecht déi ee sech am beschten nees esou séier wéi méiglech ofgewinnt. ET ginn nämlech verschidde Géigestänn déi ee bei der Keelt net soll am Auto loossen.
Ugefaange mat Dosen oder Glaskonserven. Wann d’Temperatur am Auto Minusgraden erreechen, kënnen d’Liewensmëttel an den Dousen a Glieser fréieren. De Behälter deent sech aus a gëtt beschiedegt. Am schlëmmste Fall kann et och passéieren, dass d’Dous platzt an d’Sauerei ass net ganz einfach aus de Sëtzer eraus ze kréien.
Virun allem awer gëllt dat fir Douse mat Kuelesaier wéi Cola, Fanta oder eventuell och Béier. Jiddereen, deem scho mol esou eppes am Auto ausgelaf ass, weess wat et heescht déi pecheg Sëtzer, Dieren oder Teppecher nees propper ze kréien. Ma genau dat blitt engem awer wann ee Gedrénks mat Kuelesaier bei Minusgraden am Auto leie léisst.
Net ze vergiesse sinn d’Medikamenter. Bei net fachgerechter Lagerung kënne vill Medikamenter hier Wierkung verléieren. Dat gëllt allerdéngs net just fir ze kal Temperaturen, mee och fir ze héijer.
An zu gudder Lescht nach elektronesch Geräter. Laptops, Smartphones oder Tablets bestinn aus ville Platinnen a Metaller déi ganz empfindlech op niddereg Temperature reagéieren, vum Kondenswaasser guer netz e schwätzen.Dozou kënnt, dass déi sensibel Lithium-Ionen-Akkuen duerch Minusgrade kënne Schued dovunner droen.
An Zukunft gëllt et also am beschten einfach alles aus dem Auto eraus ze huele wat do net higehéiert.