E bëssen Ofwiesslung ass ni schlecht, dat gëllt och fir d'Ariichtung. Nei Miwwelen an der Wunneng kënnen hëllefe sech méi wuel ze fillen.

Lauschter hei!

Eng opgeraumten Ëmgéigend kann hëllefe sech méi wuel ze fillen. Wann et an de 4 Wänn chaotesch ass, fält et engem schwéier of ze schalten. Dat selwecht gëllt fir Miwwelen déi e scho laang besëtzt, déi kënnen nämlech d'Gefill vu Chaos vermëttelen.

D'Wunnraumpsychologin Regine Rauin huet nämlech elo erkläert dass nei Miwwelen eis emotionale Fräiraum schafen. D'Miwwelen hunn een oft laang begleet an heiansdo ass et Zäit fir en Tapéitewiessel. Geheit een déi al Miwwelen da raus kann een zum Beispill en neit Kapitel vu sengem Liewe starten, oder zumindest fält et engem méi einfach. Zudeem ännert sech de Goût vun de Leit mat der Zäit, also kann et sinn dass de Kleederschaf einfach net méi an de momentane Lifestyle passt.

Mat neie Miwwele kënnt frësche Wand an d'Haus. Mee net nëmmen dat, et fillt ee sech och méi fräi. Natierlech muss een awer dorop oppassen dass d'Miwwelen déi ee keeft engem och gefalen. Et soll ee sech net ze vill vun den Trends beaflosse loossen. Dat ass wichteg well d'Faarwen an d'Uewerfläch hunn en Effekt dorop wéi wuel ee sech fillt. Blo wierkt ënner anerem kal. Rout, orange oder giel wierke waarm, oppen a frëndlech. Verschidden Uewerfläche stimuléieren esouguer eis Sënner a ginn engem méi Energie. Wat ee lo genau wielt ass awer jidderengem selwer iwwerlooss.

Wien awer lo net wëll alles nei kafen, dee kann seng Wunneng och ganz einfach ëmstellen. Eng weider Alternativ zu neie Miwwel, si gebrauchte Miwwelen. Déi sinn net nëmme méi bëlleg, mee hunn och e gewësse Charme a si méi nohalteg.