Oft gëtt gesot: Wann s de dech drun gëss, da kanns de alles ginn. Wéi wier et also mat Hondsfudder-Tester oder Toilettëpabeier- Schnoffeler?

Lauschter hei!

Op der Welt ginn et vill verschidde Beruffer a vu villen huet een nach ni héieren. De Grond heivir ass warscheinlech datt se net besonnesch populär sinn.

Esou zum Beispill den Hondsfudder-Tester, de säin Dag domadder verbréngt Hondsfudder ze schmaachen. Dobäi geet et em de Goût, d'Konsistenz an de Geroch. D'Zil ass et en Produit mat héijer Qualitéit ze kreéieren oder Zorten ze verbesseren.

Fir Déierefrënn déi net esou gären u Frolic knabberen, ginn et och Alternativen. Wéi wier et als Wuerm-Sammler ze schaffen? Wie sech also schonn ëmmer gefrot huet wéi d'Wierm an de Fëschereisbuttek kommen, deen huet elo seng Äntwert. Den Job kléngt wierklech guer net esou schlecht, de ganzen Dag dobausse sinn, duerch de Bësch a Felder trëppelen a seng Täsche mat Wierm fëllen.

Makaber geet et weider mat 2 ganz spezielle Jobs. London Dungeons huet nämlech all Joer e Casting fir d'Positioun als Zombie. Do gëtt een da bezuelt fir anerer ze erféieren. 
Och fir Freelancer gëtt et eppes. Wéi wier et bezuelt ze ginn, fir sech de ganzen Dag net ze beweegen. Klengt gutt? Dann ass TV Läich genau dat richtegt. Chillen a ronderëm leien an et muss ee sech mol keen Text mierken.

Wien sech gären op seng Nues verléisst, dee ka bezuelt gi fir Toilettëpabeier oder Nuesschnappecher ze schnoffelen. Déi kënnen nämlech Gerécher aus der Fabrick ophuelen, a kee well en Nuesschnappech dat komesch richt. Ween näischt géingt méi staark Gerécher huet, de kann eng Karriär als Achsel-Schnoffeler starten. Hei muss ee riche wéi gutt Deo bei waarmem Wieder oder Sport wierkt. De professionelle Schnoffeler kann dann sou bis zu 60 Achselen an der Stonn bewäerten. Da kann ee just hoffen dass den Deo eppes bréngt.