E grousst Rätsel ass endlech geléist. D'Formel vun der Attraktivitéit ass endlech opgestallt ginn. Hei sinn 3 Muskelgruppen déi d'Männer männlech maachen.

Lauschtert eran

Als Mann gëtt ee fréier oder spéider domat konfrontéiert, dass verschidde Fraen e muskuléise Kierper unzéiend fannen. Dat éischt wat do am Kapp vun engem Mann virgeet ass eng Selbstreflexioun: Sinn ech muskuléis? Sinn ech muskuléis genuch? Mee wat genau fannen d’Fraen dann do esou unzéiend, respektiv wéi eng Muskele fënnt dat anert Geschlecht flott?

Froen iwwer Froen. Ma d’Männerzäitschrëft Men’s Health huet sech op d’Fro fokusséiert, wéi eng Muskelgruppen d’Fraen am attraktiivste fannen. Fir dann och scho mol direkt verschiddener ze berouegen, nee de Sixpack ass net op der eent a mol net an den Top 3.

D’Internetsäit vu Men’s Health huet also eng Ëmfro lancéiert an 1000 Fraen dozou befrot. Dobäi eraus komm ass e Resultat dat eigentlech zimmlech iwwerraschend ass.

3. Réck

Op der drëtter Plaz ass de staarken a breede Réck. 49% hunn uginn, eng V-Form vum Réck besonnesch männlech an attraktiv ze fannen. 30% behaapten nach et flott ze fannen, wann de Réck definéiert ass an nëmme 17% ass et egal wéi de Réck ausgesäit.

2. Been

Plaz zwee geet un d’Muskelen an de Been. Duerchtrainéiert Been a stramm Wuede loossen d’Blutt bei 54% vum weibleche Geschlecht esou richteg kachen. Fir 6% spillen d’Bee keng Roll. Dat schénge Fans vun Dicopumper ze sinn.

1. Schëlleren

Op der éischter Plaz an domat geet Gold u breet Schëllere bei den Hären. 63% vun de Fraen hunn uginn d’Schëllermuskelen a la Spartacus als besonnesch unzéiend an attraktiv ze fannen.

Männer, wat léiere mer doraus? Genau! E Sixpack als Bauch brauch kee Mann.