Als Eltere wëll ee just dat Bescht fir säi Kannt. Vill frësch Loft, Sport an Aktivitéiten zum Beispill. Wärend Covid-Zäiten ass dat awer net sou einfach.

Lauschter hei!

An de leschte Joren huet d'Notzung vun digitale Gerätschafte immens zougeholl. Esou kréien zum Beispill Kanner am Alter vun 10 Joer hiren 1. Smartphone. Mat 12 sinn da 50% vun de Kanner mat Handy op de Soziale Medien unzetreffen. Als Elteren huet een dann d'Responsabilitéit ze kucken, dass d'Kannt och e sozialen Ausgläich huet an net nëmmen op YouTube a Co. hänkt. 

Säit d'Schoulen awer op Online-Coursen zréckgräifen, hunn d'Elteren et schwéier, de Medien-Konsum vun hire Kanner ze iwwerwaachen. Vue dass et komplizéiert ass ze wëssen, op den Handy oder PC da lo wierklech fir ze schaffe genotzt gëtt oder op just drop gespillt gëtt. 

D'Léisung ass et eng gesond Balance ze vermëttelen. Vill Eltere limitéieren d'Medien-Notzung vun de Kanner, wärend si selwer sech awer net dodrun halen. Dat erschwéiert et fir d'Kannt eng Balance ze fannen. Villméi hëlleft et wann d'Elteren aktiv Zäit mat de Kanner verbréngen an als Virbild fir déi "richteg" Notzung vu Medien déngen. Ausserdeem soll een den digitale Raum net als Bedroung gesinn, mee als Méiglechkeet, e sozialen Ausgläich an Zäite vun der Pandemie ze fannen. 

Computer & Co wäerten de soziale Kontakt mat Frënn net ersetzen, esou d'Katja Seide, eng Däitsch Erzéiungs-Expertin. D'Kanner hunn dacks eng aner Virstellung wéi d'Eltere wann dorëms geet, wéi vill Medie-Konsum gutt ass, wat natierlech zu Sträit feiere kann. Mee Kanner si guer net sou schlecht am Regléiere vun hirem Konsum. Well Kanner spille genau esou gäre Brietspiller oder dobaussen, ewéi se op Facebook oder YouTube hänken. Et muss een hinnen déi Optioun just ubidden. Der Expertin no soll een de Fokus op gemeinsam Aktivitéite sëtzen, well duerch Digitaliséierung ginn “offline” Familljen-Aktivitéiten nëmme nach méi populär.