Et gëtt vill Grënn wisou typesch Berliner een ëmmer ugranze wann een an der däitscher Haaptstad op Besuch ass!

Berlin huet knapp 4 Milliounen Awunner, dozou gehéieren d'Ur-Berliner, mee och eng jett nei Berliner, déi sou genannten “Zugezogene”. Berliner si ruppeg mee hunn e grousst Häerz. Si sinn awer net bekannt dofir hire Mond ze halen. Meckeren a lästeren ass an dëser Stad e Must! D'Wencke probéiert eis z´erkläre wisou Berliner ëmmer esou granzeg wierken!

Lauschtert eran!

Des Stad zitt Leit aus der ganzer Welt un, egal vu wou se kommen, wat se fir eng berufflech Ausbildung matbréngen oder wéi eng Sexualitéit se hunn. An dëser Stad kann ee si wat ee well, mee als éischt gëtt sech mol iwwert d'Ur-Berliner opgereegt.

Et huet gedauert bis de Lëtzebuerger aus mir eraus war, mee mëttlerweil fillen ech mech méi Berliner, well des Stad een einfach verännert. Virun allem wann een Ur-Berliner a sengem neie Frëndeskrees huet. Ufanks kënne se extrem onfrëndlech wierken. Dat kann och mol verletzend eriwwer kommen, mee dat ass grondsätzlech net béis gemengt. Berliner sinn "aggro" mee hunn e grousst Häerz. Berlin ass eng Vëlosstad. Fiert ee mam Auto haasst ee Vëlosfuerer. Fiert ee Vëlo dann haasst een d'Autosfuerer. An dann déi Touristen déi ëmmer um Vëloswee ronderëm stinn! Ech hunn och als Tourist ugefaangen op Berlin ze kommen. Heiansdo muss ech mech selwer drun erënneren dass ech och mol esou ee war. A laang ier den Hipster och zu Lëtzebuerg ukomm ass gouf et den Hipster schonn hei zu Berlin. E richtege Berliner Hipster gesäit et by the way als Beleidegung un esou genannt ze ginn. Hunn ech erwäänt dass een hei kann ausgesi wei ee well. Am Pyjama akafe goen ass a Coronazäiten zum Beispill quasi zur Normalitéit ginn. Gouf et awer och scho virdrun!

Wann ee plangt eng Famill ze grënnen, da sollt ee Cliché méisseg op de Prenzlauer Berg plënneren. Do liewen d'Ökomuttis. Mir maachen all de Geck mat hinnen, mee jiddereen deen hei wunnt, huet och där a sengem Frëndeskrees. Berlin ass schwéier z´erkläre wann een net hei wunnt. Mir si notoresch granzeg, mee mir akzeptéiere quasi alles a jiddereen, villäicht musse mer dowéinst esouvill granzen!