Wann een alles wëll kucken, muss e quasi all Plattform abonéieren, wat net ganz bëlleg ass. Dofir gëtt ëmmer nach illegal gestreamt.

Lauschtert eran

2020 ass d’Joer vum Corona an och d’Joer vum Hashtag ''Bleif doheem''. Et läit also op der Hand, dass ee sech iergendwéi misst seng Zäit verdreiwen. Virun allem ass do op streaming Déngschter zeréck gegraff ginn, ënnert anerem Netflix, Amazon Prime an och nach Disney+. Ma wien elo awer e Film wollt kucken deen do netz e fannen ass hat dann och mol d’Tendenz e Film illegal erofzelueden.

D’Portal ''Torrentfreak'' huet elo ausgewäert wéi eng Serien am Joer 2020 am meeschten illegal erofgeluede gi sinn.

An den Top 10 hu mer ënnert anerem Serie wéi The Walking Dead, Rick & Morty, Star Trek oder och nach Vikings.

3. Westworld

Op der drëtter Plaz läit dann awer d’Serie Westworld. Eng amerikanesch Science-Fiction-Westernn-Serie. Et handelt sech hei ëm ee futuristesche Vergnügungspark an deem d’Gäscht mat hëllef vu mënschenänleche Roboteren, Geschichten aus dem Wilden Westen kënne nospillen.

2. The Boys

Dono direkt op der zwee ass The Boys. Kuerz gesot geet et ëm eng Welt an der Superhelden als Berüümtheete gefeiert ginn. Dommerweis si verschidden Helden duerch hier Muecht korrumpéiert a mëssbrauchen déi.

1. The Mandalorian

An op der eent huet sech eng Serie konnte placéieren déi aktuell vill gehyped gëtt an zwar ''The Mandalorian''. Et ass déi éischt live-action Serie an der Star Wars franchise a spillt 5 Joer no den Evenementer vu Star Wars Return oft the Jedi.