Op der Pressekonferenz um Donneschden goufen et Prezisiounen zu den Ännerungen am Sport am neie Covid-Gesetz.

Eemol soll dann de Port vum Mask wärend dem Sport ofgeschaf ginn. Dëst, esou de Minister, well et méi schwéier wier anstänneg ze trainéieren, wann een d'Mask nach unhuet. Ma dofir ginn et dann eng ganz Rei Mesuren, fir fir d'Distanz tëscht den eenzele Persounen ze garantéieren.

Wann een zu maximal zwou Persounen trainéiert egal op dobannen oder dobaussen, ass weder d'Droe vum Mask, nach d'Distanz vun zwee Meter néideg. Dëst awer eeben nëmme wann een zu zwee ass. Dëst gëllt souwuel fir den organiséierten, wéi och de Fräizäit-Sport.

D'Zuel vu Persounen déi maximal dierfen zesumme kommen fir Sport ze maachen, ass op 10 Persoune limitéiert. D'Sportinfrastrukturen dierfen och nees opmaachen, mee ob se op ginn, läit an der Hand vun de Besëtzer. Fir d'Infrastrukture gëllen änlech Limitatioune wéi fir d'Commercen. Dat heescht, dass d'Unzuel vu Sportler op d'Zuel vu Metercarré muss berechent ginn. Dat gëllt och fir d'Fitnesszenteren. An awer dierf d'Maximalzuel vun 10 Sportler net iwwerschratt ginn.

D'Schwemmen dierfen och nees opmaachen. Hei mussen d'Basengen awer a Couloiren agedeelt sinn. Bei engem Baseng vu 50 Meter Längt dierfe maximal 6 Leit an engem Couloir schwammen. Bei Basenge vu 25 Meter Längt, dierfe maximal 3 Leit an engem Couloir sinn.

Och fir d'Vestiairen an d'Dusche ginn et kloer Reegelen. Dat fir all Sportinfrastruktur. Esou dierfe maximal 10 Leit an ee Vestiaire, wann d'Distanz vun 2 Meter garantéiert ass. Hei ass d'Undoe vum Mask obligatoresch. An de Gemeinschafts-Dusche brauch ee logescherweis keng Mask, ma och hei muss een zwee Meter Distanz zu deenen anere Persounen anhale kënnen.
Et wiere méi streng Bedingunge wéi soss op anere Plazen an der Societéit, esou de Minister Dan Kersch. Ma dat well et keng Obligatioun méi gëtt d'Mask unzedoe wärend dem Sport. Och well ee beim Sport méi staark ausotemt wéi bei normalen Aktivitéiten.