Eng nei Netflix Show beschäftegt sech mat enger ganz spiritueller Fro: Gëtt et en Liewen nom Dout?

Lauschter hei!

Dëse Januar ass déi nei Serie Surviving Death eraus komm. Eng Dokuserie déi sech mam Liewen nom Dout beschäftegt. En Thema wat d'Mënsche schonn ëmmer zum Nodenke bruecht huet.

D'Regisseurin vun Surviving Death gleeft selwer awer net ganz un d'Liewen nom Dout. Dëst suergt fir eng interessant Approche. D'Ricki Stern beschreift sech zwar selwer als skeptesch, awer och als oppe fir Neies. D'Serie probéiert da bestëmmt Froen ze beäntwere wéi: Wat geschitt wann mir stierwen? Ginn et Reinkarnatiounen? Wéi kann een erklären dass sech verschidde Leit un e fréiert Liewen erënneren? Dat ganzt a 6 Episoden vu je 50 Minutten.

Als Struktur fir d'Serie orientéiert sech d'Ricky Stern um Buch mam selwechten Numm vum Leslie Kean. Fir eng Äntwert op d'Froen ze fannen, probéiert d‘Ricky d'wëssenschaftlech Method ze notzen. Dat ass awer guer net esou einfach, esou d'Leslie Kean. De Problem ass dass een d'Thema vum Liewen nom Dout net esou einfach beweise kann, mee et och keng wëssenschaftlech Beweiser ginn déi de Géigendeel behaapten. Nëmme well een et net gesäit, heescht dat net dass et net existéiert.

Ausserdeem ginn et leider Leit déi d'Glafwierdegkeet vun aneren ausnotzen. Et gëtt quasi alles vu Wahrsager déi Spezial-Effekter notzen bis hin zu deenen déi d'Infoen iwwert hir Cliente op Facebook nosichen. Dat gëtt natierlech och vun der Film-Crew consideréiert. D'Ricky Stern bréngt et esou fäerdeg eng iwwerzeegend a provozéierend Conclusioun ze zéien. Domadder wëll d'Ricky Stern d'Leit zum Nodenken inspiréieren.