Domat nach net genuch. E Piercing an geklauten Geld sollt verschiddene Persounen hëllefen aus hirem Misär eraus ze kommen.

Lauschtert eran

Heiansdo héiert ee Geschichten déi schwéier ze gleewe sinn. Skurrilles gëtt et jo quasi an all Beräich ma mir hunn eis elo hei mol op Skurril Plainte fokusséiert.

2001 ass zu Indianapolis an den USA eng Fra mam Auto ugehalen, déi däitlech ze vill gedronk hat. Den Alkoholtest war och wäit iwwert deem Taux deen se maximal dierft hunn. Déi logesch Konsequenz wier e Geriichtsprozess mat anzéie vum Führerschäin, uewen drop dann nach eng fatzeg Geldstrof. Deem war awer net esou. D’Frau hat nämlech geklot, dass se wärend dem Alkoholtest e Piercing an der Zong hat a well am amerikanesch Gesetz geschriwwe steet, dass all Friemkierper oder Friemsubstanz mindestens 20 Minutte virum test mussen aus dem Mond geholl ginn, konnt den Test viru Geriicht net verwäert ginn. Se krut de Führerschäin zeréck a keng Geldstrof.

Eng wieder skurril Klo kënnt vu enger israelescher Fra. Se war e grousse Fan vum Channel 2 an huet och all Dag do d’Meteoprevisioune gekuckt. Wéi de Moderator Danny Rup vill Sonn an hëtzeg Temperaturen ugekënnegt huet, ass d’Fra nëmme liicht bekleet aus dem Haus gaangen an huet sech eng Gripp agefaangen. Doduerch konnt se 4 Deeg net schaffe goen, huet misste Geld fir Medikamenter ausginn an huet och nach terribele Stress misste matmaachen. Dat alles ware de Grond wisou se de Wiederdéngscht op 1‘000 Dollar verklot huet.

Et geet awer nach e gutt Stéck méi dreist. Wéi en 42 Joer ale Mann an den USA eng Bank wollt iwwerfalen e Pak Geld a Seng Täsch gemaach huet wosst hien net, dass déi mat enger Sécherheetsvirriiichtung ausgestatt waren. Dëst ass also an der Täsch explodéiert an huet beim Mann Verbrennungen um Been an um beschte Stéck verursaacht. Nodeems e festgeholl ginn ass huet en den Hiersteller vun der Sécherheetsvirriichtung , wéinst de Brandverletzungen ugeklot.