Vun der Kollekt bis bei d'Verschaffen, de Sirop vun de Schüler aus dem Atert Lycée Reiden ass komplett lokal an artisanal.

D‘Hierstellung vun natierleche Siropen aus 100eger Lëtzebuerger Produktioun, dat ass d’Zil an och de Produit vum Bob a Joe Dellizotti, déi d’Mini Entreprise Delli'cious op d’Been gestallt hunn. Déi zwee Schüler aus dem Atert Lycée Reiden sinn dorop komm Sirop selwer ze maachen nodeems hinnen opgefall ass, dass vill Bongerten nach immens vill Friichten a Bieren iwwereg haten an dës net Meeschter gi sinn. Ma fir dës net verfaulen ze loossen, hunn déi Zwee hire Projet an d’Liewe geruff an d’Friichte verschafft.

Vun der Kollekt vun de Friichte bis zur Produktioun vum Sirop maachen déi zwee Bridder alles selwer, deemno handelt et sech hei em e komplett artisanalen a lokale Produit. D'Rezepter fir hir Siropen, bei deene komplett op chemesch Zousazstoffer an och op Alkohol verzicht gëtt, hunn déi Zwee deels selwer ausgeschafft, deels gesicht an och vu Frënn a Bekannte koume Virschléi eran.

Wien elo mengt, dass doduerch de Choix reduzéiert ass, deen iert sech. Och wann déi Zwee alles selwer maachen, hu se e richteg vill verschidde Goûten op Lager, souguer "special editions". Fir Chrëschtdag goufen et zum Beispill d'Geschmacksrichtunge Liefkuch, Spekulooss oder och "Bratapfel", iwweregens den aktuelle Favoritt vun de Bridder. Bei de méi extraordinäre Goûten, wéi déi vun der Chrëschteditioun, läit een da bei 8 Euro, de Standardpräis fir e Sirop beleeft sech awer op 7 Euro d'Fläsch (200ml).

Vu Standard-Zorte wéi Äerdbier, Hammbier, Zitroun bis méi extrae Goûte wéi Chilli oder Rousebléiesirop ass vun allem dobäi. A wie säi Liiblingsgoût net fanne sollt, dee ka sech och einfach bei der Mini-Entreprise mellen. Doduerch, dass Delli'cious just vum Joe a Bob geleet gëtt an déi Zwee bis op déi wäiss Etikett an d'Fläsch alles selwer maache kënne se op d'Wënsch vun hire Clienten agoen. Och personaliséiert Fläsche fir speziell Eventer wéi eng Daf oder e Gebuertsdag si kee Problem well d'Etikette selwer bedrockt ginn.

Lauschtert eran

Wien elo op de Goût komm ass ka sech dat ganzt Sortiment hei ukucken a bequem online bestellen.