D'Mikrowell - net nëmmen dem Student säi beschte Frënd! Wie kennt et net? Keng Loscht ze kachen, da ginn alt d'Nuddele vu gëschter gewiermt.

Lauschter hei!

Esou eng Mikrowell ass ganz praktesch! Et kann ee säin Iessen dra waarm maachen, et kann een esouguer dra kache wann et schnell goe muss - eng reegelrecht Allzweckwaff also. Et ginn awer och Liewensmëttel, déi ee besser net an d'Mikrowell maache sollt.

Esou soll een zum Beispill kengesfalls Eeër an d'Mikro maachen. Och wann et an der Theorie funktionéiert, ass de Risiko enorm héich, datt dat an enger riseger Schwéngerei endegt. D'Gackelche wäert nämlech héchstwarscheinlech explodéieren a sech an där ganzer Mikrowell verdeelen.

Donieft sollt een et vermeide Styropor, Metall oder Plastik deen net fir d'Mikrowell geduecht ass dran ze stellen. Wann d'Stralen nämlech op den Objet treffe bilden sech Fonken an et ka ganz séier zum Feier kommen. Och Ueleg a Fetter kënne sech entzünden an dierfen op kee Fall an d'Mikro. Och beim Geméis gëllt et opzepassen: Zalot, Spinat oder anert Blatgeméis, genee esou wéi Pimente sollt ee wäit ewech vum Apparat halen. Wann d'Chilis waarm ginn, loosse se nämlech Capsaicin fräi. Wann een d'Mikrowell dann opmécht, ass dat wéi wann ee Pefferspray anootme géif.

Wann een d'Mikrowell net propper hält oder Räis, gefruerent Fleesch oder Gromperen dra kacht, dann erhéicht sech och de Risiko vun enger Liewensmëttelvergëftung. D'Mikrowell gëtt nämlech net iwwerall d'selwecht waarm, esou datt net alleguer déi geféierlech Bakterien zerstéiert kënne ginn.

Zum Schluss hale mir fest: Et soll ee seng Mikrowell reegelméisseg botzen an oppasse wat een dra stellt. Wann dir nach Reschter vun där leschter Bestellung hutt, sollt dir Dës am beschten op engem ganz normale Porzeläinsteller waarm maachen. Erhëtzt ee seng Reschter nämlech an engem Plastiksdëppchen, kann et sinn datt Mikroplastik oder aner Chemikalien an d'Iesse kommen.